Université d'État de Louvain

Universitéit zu Leuven (Löwen), an der Belsch (1817-1835)

D'Université d'État de Louvain war eng vun den dräi Universitéiten, déi vum Kinnek-Groussherzog Wëllem I. am Süde vu sengem Räich, als Géigestéck zu den dräi Universitéiten, déi et am Norde scho gouf, gegrënnt goufen.

Université d'État de Louvain
Typ Universitéit
Land Belsch
Gegrënnt 6. Oktober 1817
Grënner Wëllem I. vun Holland
Opgeléist 15. August 1835

Wéi am Kader vum Wiener Kongress (1814/15) dat neit Kinnekräich vun de vereenegten Nidderlanden geschaf an der Herrschaft vum Prënz Wëllem vun Oranien-Nassau ënnerstallt gouf, gouf et am Norden (am haitegen Holland) schonn dräi Universitéiten: d'Universitéit Leiden, d'Universitéit Utrecht an d'Universitéit Groningen. Souzesoen als Géigegewiicht goufen am Süden (zukünfteg Belsch) och dräi Universitéite vum neie Staat geschaf, an zwar zu Gent, zu Léiwen an zu Léck.

Zu Léiwen war am spéide Mëttelalter schonn eng Universitéit gegrënnt ginn, an zwar vum Herzog Jang IV. vu Brabant a vun der Stad Léiwen selwer, dat Ganzt mam Seege vum Poopst. Mä déi Uni war 1788 vum Keeser Jousef II. sou gutt wéi opgeléist ginn: d'Enseignementer waren all - bis op d'Theologie, déi un de Séminaire général des Pays-Bas autrichiens zu Léiwen ugeschloss gouf - op verschidden Institutiounen zu Bréissel transferéiert ginn. 1797, ënner dem franséische Regime vum Directoire, war d'Universitéit du formell ganz ofgeschaf ginn.

D'Staatsuniversitéit Léiwen, wou den Enseignement op Latäin gehale gouf, hat awer nëmmen eng kuerz Existenz. 1830 koum et nämlech zur Revolutioun am Süden, an den neie belsche Staat, deen doraus ervirgoung, huet 1834, wéi déi belsch Bëscheef eng Kathoulesch Universitéit zu Mechelen an d'Fräidenker d'Université libre de Belgique gegrënnt hunn, d'Staatsuniversitéit Léiwen zougemaach. Hir Gebaier goufe kuerz duerno vun der Kathoulescher Universitéit vu Mechelen iwwerholl. Déi nennt sech zanterhier Kathoulesch Universitéit vu Léiwen.