De Film Une part du ciel ass eng belsch-lëtzebuergesch-franséisch Koproduktioun vun der belscher Filmregisseurin Bénédicte Liénard aus dem Joer 2002.

Une part du ciel
Film
Produktiounsland Belsch
Lëtzebuerg
Frankräich
Première 2002
Dauer 85 min
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Bénédicte Liénard
Dréibuch Bénédicte Liénard
Fotografie Hélène Louvart
Schnëtt Marie-Hélène Dozo
Produzent Jacques Bidou
Marianne Dumoulin
Eddy Géradon-Luyckx
Donato Rotunno
Joseph Rouschop
Produktiouns-
gesellschaft
Arte France Cinéma, Canal+, Centre national du cinéma et de l'image animée (CNC), France 2 Cinéma, JBA Production, Radio Télévision Belge Francophone (RTBF), Tarantula
Schauspiller
Séverine Caneele als Joanna
Sophie Leboutte als Claudine
Josiane Stoléru als Mme Picri
Yolande Moreau als Mme Pasquier
André Wilms als Warden
Olivier Gourmet
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Dem Claudine säin Alldag besteet aus der repetitiver Aarbecht an enger Fabrick a Langweil. D'Joanna op där anerer Säit setzt eng Prisongsstrof of. Och fir hatt ass den Alldag eng Folleg vun de selwechte Gesten. Wéinst engem Feeler ass hatt an de Prisong komm, well D'Claudine him net konnt, oder wollt, hëllefen. Hat féiert e Kampf géint d'Justiz Dofir muss d'Claudine a senger Faveur aussoen.

Filmproduktioun änneren

Den europäesche Filmfong Eurimages huet d'Produktioun am Joer 2000 vum Film mat engem Subside vun 210.000 Euro finanziell ënnerstëtzt. Vun deem Betrag sinn 23%, respektiv 48.300 Euro un déi lëtzebuergesch Produktiounsgesellschaft Tarantula gaangen, an de Rescht un déi belsch a franséisch Produktiounsgesellschaften. Donieft krut Tarantula och nach e Subside vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vu sechs Millioune Lëtzebuerger Frang fir d'Filmproduktioun.[1]

Accueil änneren

De Film gouf 2002 um Filmfestival vu Cannes an der Sektioun "Un certain regard" gewisen.

2003 gouf Une part du ciel mam éischte Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Bescht Koproduktioun" ausgezeechent.

Op der Internet Movie Database hat de Film 2021 e Score vu 5,3 vun am Ganzen 10 Punkten, baséiert op 108 Benotzerbewäertungen.[2] Um franséische Site Allociné hat de Film eng Nott vun 3,6 op 5, gerechent aus 17 Kriticken an der geschriwwener Press.[3]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2000, Säit 189 an 208
  2. imdb.com: User Ratings (gekuckt de 26. November 2021
  3. De Film op allocine.fr