D'Ulmen (Ulmus) si Lafbeem aus der Gattung vun den Ulmegewächser. Et gëtt uechtzéng Aarten an der nërdlecher temperéierter Zon, ëstlech vun de Rocky Mountains an nërdlech vum Himalaya. Se hunn zwitterereg Bléien déi bei de meeschten Aarte virun de Blieder do sinn, oder bei verschiddene spéit am Hierscht. Ëm d'Fruucht ass e kreesfërmegen Hautflillek. Vun aacht Aarte gëtt et geziichte Gaardeformen an Hybriden.

Ulmen
Feld-Ulm
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Urticales
Famill Ulmaceae
Gattung Ulmen
Wëssenschaftlechen Numm
''Ulmus''
Linnaeus

D'Ulme si relativ liicht un hirem kegelfërmege Stamm dee riicht bis zur Spëtz vun der Kroun geet, z'erkennen. Wann e Blieder als zousätzlecht Hëllefsmëttel fir d'Bestëmmung benotzt, soll een am Beschte Blieder vu kuerzen Äscht huelen, an net vun de laange Schëtz vum Joer.

Déi bekanntst Aarte sinn: