Den Tunnel vun Dalhem ass en Tunnel op der fréierer Vizinalstreck Léck-Fouron-le-Comte.

Tunnel vun Dalhem
De restauréierten Tunnel 2020
Typ Esebunnstunnel bis 1991
Eisebunnstreck Léck-Fouron-le-Comte
Proprietär Wallounesch Regioun
Technesch Donnéeën
Längt 144 m
Bau
Bauzäit 1904 - 1905
Opgemaach fir de Verkéier 6. Mee 1905
Geographie
Land Belsch
Regioun Wallounien
Uertschaften Dalhem

Den Tunnel ass 144 Meter laang, an et ass de längsten eespueregen Tunnel op enger Vizinalstreck an der Belsch. Mat dem Bau vum Tunnel gouf 1904 ugefaangen, an de 6. Mee 1905 ass den éischte Gidderzuch vun Trembleur op Fouron-le-Comte derduerch gefuer.

Well d'Gemeng Dalhem huet missen eng Autoristioun fir de Bau ginn, a well se selwer un engem Uschloss un d'Eisebunnsnetz intresséiert war, dat virdrun nëmme bis op Barchon ausgebaut war, gouf doriwwer am Gemengerot ofgestëmmt. Am Rapport vun der Sëtzung ass Follgendes ze liesen: Le conseil communal de Dalhem adopte le tracé du vicinal Barchon-Dalhem, qui passerait à l'aide d'un tunnel sous l'agglomération principale de Dalhem, et pour ce faire, la commune interviendra jusqu'à concurrence d'une somme de trente mille francs dans la formation du Capital nécessaire à la construction et à l'exploitation du chemin de fer vicinal de Barchon à Fouron-le-Comte. Buergermeeschter zu Dalhem war deemools den Henri Francotte.

Den Tunnel gouf ganz an Handaarbecht aus de Leeën erausgeklappt, an d'Gestengs ass fir net wäit brauchen domat ze fueren, an eng Wiss vum Moulin Guillaume getippt ginn, hanner der haiteger Avenue Albert Ier.

Am Zweete Weltkrich war den Tunnel ausser Déngscht fir den Transport, well d'Bréck iwwer d'Berwinne déi d'Verbindung tëscht der Ramp an dem Nordportal gemaach huet gesprengt gouf, an d'Besatzungstruppen d'Streck bis op Fouron deelweis ofgerappt haten.

Duerno huet den Tunnel als Loftschutzkeller gedéngt. Vum 4. Juni 1944 un huet déi 7. Kompanie vun der A.L/A.S. (Armée de Libération/Armée Secrète) den Tunnel vun Dalhem als Stopp benotzt fir Waffen a Munitioun, déi d'Aliéiert parachutéiert haten. De 26. Juni 1944 hu 4 Kanner am Tunnel gespillt an hunn déi Stoppen, déi a Leeësplécken am Verwëllef vum Tunnel waren, entdeckt. D'Resistenz gouf dovun informéiert, a well d'Stopp dunn net méi sécher war, gouf decidéiert all d'Material erauszeplënneren. Et gouf déi ganz Nuecht doru geschafft, an d'Materiel gouf an enger verloossener Galerie vun der Kuelegrouf vun Trembleur verstoppt. Den Dag duerno war d'Wehrmacht och schonn do fir den Tunnel z'ënnersichen.

Den 10. September 1944 hat en amerikaneschen Tanks et fäerdeg bruecht fir duerch d'Wise vu Feneur bis kuerz virun den Tunnel ze kommen. Well d'Besatzung vum Tanks ugeholl huet, am Tunnel hätte sech däitsch Zaldote vertoppt, gouf drop lassgefeiert. Am Ganze waren 12 Schëss drop gedonnert ginn, déi all bis op een an der Entrée vum Tunnel explodéiert sinn. Eng Granat hat et fäerdeg bruecht fir derduerch ze kommen, an op der aner Säit iwwer d'Place du tram an iwwer d'Rue J. Dethier ze fleien, fir dann am Café Monami ze landen, deen déizäit d'Local vun der Resistenz war. Glécklecherweis ass se net explodéiert.

De 5. Oktober 1991 ass de leschten Zuch duerch den Tunnel gefuer. Duerno gouf en nach vu Foussgänger als Ofkierzung benotzt, a war vum Fréijoer 2008 un aus Sécherheetsgrënn gespaart. Am Joer 2019 gouf den Tunnel restauréiert an 2020 gouf en opgemaach. En ass zanter März 2020 op fir Foussgänger a Cyclisten.

Den Tunnel gehéiert haut der wallounescher Regioun.

Dat zougewuessent Nordportal mat der Bréck iwwer d'Berwinne am Mee 2008