Tremblois-lès-Rocroi

franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Ardennes

Tremblois-lès-Rocroi ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Ardennes an der Regioun Grand Est.

Tremblois-lès-Rocroi
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Ardennes
Arrondissement Charleville-Mézières
Kanton Rocroi
Postcode 08150
Gemengecode 08460
Koordinaten 49° 50’ 56’’ N
      04° 28’ 48’’ O
Fläch  164 ha
Bevëlkerung  152 (2008)

Wéi 2011 de Parc naturel régional des Ardennes entstanen ass, war Tremblois-lès-Rocroi eng vun de Grënnungsgemengen.

Bis 1989 war Tremblois-lès-Rocroi un d'Eisebunnsnetz ugeschloss mat enger Gare op der Streck Charleville-Hirson. Tëscht 1895 an 1950 war et och d'Kappstatioun vun enger Schmuelspuerbunn déi am Ufank an der 800 mm-Spuer bis op Rocroi gefouert huet, an duerno 1903 op d'Meterspuer ëmgebaut, an 1905 bis op d'belsch Grenz ausgebaut gouf an zu Petite-Chapelle en Uschloss un de belsche Vicinalreseau hat.

D'Märei

Um Spaweck

änneren
Commons: Tremblois-lès-Rocroi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och

änneren