Traité vu Lissabon
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem EU-Traité vun 2007. Fir de Friddenstraité tëscht Spuenien a Portugal, kuckt wgl. Traité vu Lissabon (1668). |
Den Traité (oder Vertrag) vu Lissabon (am Ufank och EU-Reform-Traité genannt) ass en internationalen Traité tëscht den deemools 27 Memberstaate vun der Europäescher Unioun, deen den 13. Dezember 2007 ënner portugisescher EU-Conseilspresidence zu Lissabon ënnerschriwwe gouf.
Den Traité iwwerhëlt wesentlech Inhalter vum Traité iwwer eng europäesch Verfassung vun 2004, deen net a Kraaft getruede war. Am Géigesaz zum Verfassungsprojet ersetzt en awer net déi Traitéen, déi et bis ewell ginn huet, mä ännert a completéiert se, notamment den EG- an EU-Traité).
Mam Lissabon-Traité kritt d'EU eng eenheetlech Struktur a gëtt eng eegestänneg Personne juridique. Aner wichteg Neierunge vum Vertrag vu Lissabon sinn d'Ausbreedung vum Prinzip vun der qualifizéierter Majoritéit fir déi meescht Politikberäicher bei Decisiounen am Ministesch-Conseil, d'Aféierung vum Amt vun engem Héije Vertrieder fir déi Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik, méi Rechter fir d'Europäescht Parlament, d'Méiglechkeet, datt 1 Millioun Bierger eng Gesetzesinitativ kënnen ufuerderen, d'méi staarkt Agebonne-Sinn vun den nationale Parlamenter an den europäesche Gesetzgebungsprozess, d'Méiglechkeet fir national Parlamenter, eng Plainte virum Europäesche Geriichtshaff anzereechen, d'rechtlech Verbindlechkeet vun der EU-Grondrechter-Charta an d'Méiglechkeet fir e Memberstaat, nees auszetrieden.
Den Traité ass den 1. Dezember 2009 a Kraaft getrueden.
Um Spaweck
ännerenCommons: Traité vu Lissabon – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Den Traité op Däitsch (PDF, 0,7 MB, 287 S.)
- Konsolidéiert Versioun vun den EU- an EG-Verträg sou, wéi se duerch den Traité vu Lissabon geännert ginn, JOCE, 9. Mee 2008, op Däitsch.
- Aner Sprooch- a Formatversiounen
Europäesch Unioun – Geschicht, Struktur an Traitéen | |||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|
1951 | 1957 | 1965 | 1986 | 1992 | 1997 | 2001 | 2007/2009 |
Europäesch Communautéiten (EC*) | E U R O P Ä E S C H U N I O U N ( E U ) | ||||||
Europäesch Communautéit fir Kuel a Stol (CECA resp. Montanunioun) | (2002 ausgelaf -> EC) | ||||||
Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) | Europäesch Gemeinschaft (EG) | ||||||
*EG: EGKS, EWG (EG zanter 1993), Euratom | Justiz an Interieur (JI) | (ZJZ a Persouneverkéier –> EG) | |||||
Zesummenaarbecht vu Police a Justiz bei Strofaffären (PJZS) | |||||||
Europäesch Politesch Zesummenaarbecht (EPZ) | Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik (GASP) | ||||||
Europäesch Atomgemeinschaft (EAG resp. Euratom) | |||||||
Traité vu Paräis |
Traité vu Roum | Fusiounstraité | Acte unique | Traité vu Maastricht |
Traité vun Amsterdam |
Traité vun Nice |
Traité vu Lissabon |
Dräi Sailen |