Tiangong

Chineesesche Raumfaartprogramm

Tiangong (天宫=Tiāngōng =Himmelspalast)[1] ass e Raumstatiouneprogramm vun der Volleksrepublik China. 2011 gouf d'Raumstatioun Tiangong 1 gestart, an Tiangong 2 de 15. September 2016. D'Erkenntnesser sollen an de Bau, Start a Betrib vun enger grousser Raumstatioun fléissen.

Virbereedung änneren

Pläng fir eng chineesesch Raumstatioun lafen zanter 1992 ënner der Bezeechnung Projet 921. E Modell gouf der Ëffentlechkeet fir d'éischt bei der Expo 2000 zu Hannover gewisen.

Tiangong 1 änneren

 
Zeechnung vum Tiangong 1 (lénks) mat ugedocktem Shenzhou-Raumschëff (riets)

   Haaptartikel zu dësem Theema: Tiangong 1 

D'Tiangong 1 gouf den 29. September 2011 mat enger CZ-2F gestart. Den 3. November huet dat onbemannt Raumschëff Shenzhou 8 ugedockt. Et war den éischte Kopplungsmanöver vun der chineesescher Raumfaart. De 14. November huet de Shenzhou 8 lassgekoppelt an nees frësch ugekoppelt, ir d'Raumschëff d'Raumstatioun de 16. November verlooss huet.

Déi éischt Crew koum den 18. Juni 2012 mam Shenzhou 9 u Bord an huet domat déi éischt chineesesch Raumstatioun a Betrib geholl. De 24. Juni gouf dunn och eng Of- an nees Ukopplung gemaach. Déi dräi Taikonauten hunn den Tiangong 1 de 27. Juni verlooss.

Déi zweet Crew huet den 13. Juni 2013 mam Shenzhou 10 ugekoppelt. D'Of- an nees Ukopplung war den 23. Juni, an déi definitiv Ofkopplung war de 25. Juni.

D'Tiangong 1 ass ëmmer nach an der Äerdëmlafbunn.

Tiangong 2 änneren

 
Modell vum Tiangong 2 (riets) mam ugedocktem Shenzhou-Raumschëff (lénks)

   Haaptartikel zu dësem Theema: Tiangong 2 

De Start vun der zweeter chineesescher Raumstatioun Tiangong 2 war de 15. September 2016. Virgesinn ass d'Ukopplung vun der 2 Mann-Crew mam Raumschëff Shenzhou 11, engem Tianzhou-Raumtransporter a mam 3 Mann-Raumschëff Shenzhou 12.

Grouss Raumstatioun änneren

No den Tiangong-Raumstatioune ass eng grouss modular Raumstatioun mat enger Mass vu 60 Tonne geplangt. Dat éischt Modul kéint schonn 2018 mat enger CZ-7-Rakéit an de Raum bruecht ginn an déi éischt Raumstatioun kéint am Joer 2022 voll asazbereet sinn.

Referenzen änneren

  1. Notiz [http://dict.leo.org/chde/index_de.html#/search=%E5%A4%A9%E5%AE%AB&searchLoc=0&resultOrder=basic&multiwordShowSingle=on&pos=3, gekuckt de 16. September 2016.