Tiangong 2 (=天宫二号= Tiāngōng èr hào) ass eng Raumstatioun vun der Volleksrepublik China, déi zanter dem 15. September 2016 am Weltall ass.

Tiangong 2
E Modell vum Tiangong 2 (riets) mat ugedocktem Shenzhou-Raumschëff (lénks)
Typ Raumstatioun
Land China
Agentur China National Space Administration
COSPAR-Bezeechnung 2016-?
Apogeum 347 km
Perigeum 200 km
Bunnschréi 42,8°
Mass 13000 kg
Längt 10,4 m
Duerchmiesser 3,35 m
Bunn-Ëmlafzäit ? min
Exzentrizitéit ?
Start 15. September 2016, 22:04:09 (UTC+8)
Startplaz Jiuquan LA-4/SLS-1
Drorakéit Laange Marsch 2F
Status op Orbit

D'Raumstatioun huet eng Längt vun 10,4 Meter an e maximalen Duerchmiesser vun 3,35 Meter. Eng Crew vun dräi Leit ka bis zu 20 Deeg u Bord bleiwen.

Eng Ukopplung vum Raumschëff Shenzhou 11 mat enger Crew vun zwéi Raumfuerer ass am Oktober 2016 virgesinn an d'Betanke mam onbemannte Raumtransporter Tianzhou am Abrëll 2017. An der zweeter Hallschent vum Joer 2017 soll dann d'Raumschëff Shenzhou 12 mat enger Crew vun zwéi Raumfuerer ukoppelen.