Thouars
Thouars ass eng franséisch Gemeng a Stad am Departement Deux-Sèvres an der Regioun Nei-Aquitaine. Si gehéiert zum Pays Thouarsais.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Nei-Aquitaine | ||||
Departement | Deux-Sèvres | ||||
Arrondissement | Bressuire | ||||
Kanton | Thouars | ||||
Postcode | 79100 | ||||
Gemengecode | 79329 | ||||
Koordinaten | 46° 58’ 33’’ N 00° 12’ 51’’ W | ||||
Fläch | 1 209 ha | ||||
Bevëlkerung | 10 656 (1999) |
Aner Stied am Ëmkrees sinn, Bressuire, Pathenay, Saumur a Loudun
Duerch d'Gemeng leeft den Thouet.
D'geologesch Formatioun Toarcium krut hiren Numm vun der Stad well den Alcide Dessalines d'Orbigny net wäit dovun ewech an de Steebréch vu Sainte-Verge déi Formatioun entdeckt an definéiert huet.
Geschicht
ännerenThouars war eng gallo-réimesch Stad, déi vum Pipin de Kuerzen eruewert, an deelweis zerstéiert gouf. Duerno huet se bal de Fransousen a bal den Englänner gehéiert, bis se den 30. November 1372, am Verlaf vum Honnertjärege Krich vum Bertrand du Guesclin definitiv u Frankräich ugeschloss gouf.
D'Buerggrofschaft Thouars gouf am 16. Joerhonnert zu Gonschte vun de La Trémoïlle, zum Duché-pairie ernannt.
An der Zäit Vun de Reliounskricher war et eng protastantesch Zitadell.
D'Stad huet sech haaptsächlech um Enn vum 19. Joerhonnert an um Ufank vum 20. Joerhonnert duerch den Afloss vun der Eisebunn vergréissert. Well doduerch vill Eisebunnerten do gewunnt hunn, hat se eng Zäit de Spëtznumm Cité cheminote.
De Wope vun Thouars, d'azur au franc quartier de gueules, semé de fleurs de lys d'or hat als Virbild dee vum Buerggrof Herbert II, d'or au franc quartier de gueules, semé de fleurs de lys d'azur. Firwat datt d'Emailer ëmgedréint goufen ass net bekannt.
Ekonomie
ännerenLandwirtschaft
ännerenE groussen Deel vun der Ekonomie gëtt duerch d'Melouneproduktioun assuréiert. Déi zwéi gréisst Produzenten Rouge Gorge a Sol Dive bréngen eleng méi wéi 20% vun der nationaler Produktioun op de Maart.
Wäibau
ännerenMat ronn 30 Wënzerbetriber, déi sech 750 ha Wéngerten deelen, ass d'Géigend ëm Thouars den eenzegen Eck am Departement Deux-Sèvres, deen d'AOCen Anjou a Saumur, zegutt huet.
Industrie
ännerenD'Industrie setzt sech Haaptsächlech ausPMEën zesummen.
D'Communauté de communes du Thouarsais bekëmmert sech ëm d'ekonomesch Entwécklung a si geréiert eng zéng Parcs d'Activités.
Zu Thouars gëtt et ee Büro vun der Chambre de commerce et d'industrie des Deaux-Sèvres.
Tourissem
ännerenFir d'Touriste gëtt et e Camping um Uwänner vum Floss Thouet, mat enger oppener Schwämm. Et gëtt och nach eng gedeckt Schwämm an der Stad.
Den Office de Pôle spillt d'Roll vum Syndicat d'initiative.
Justiz
ännerenZu Thouars gëtt et en Aarbechtsgeriicht dat vum Ieweschte Geriicht vu Bressuire ofhänkt.
Kuckeswäertes
änneren- De Musée Henri Barré.
- D'Kapell Jeanne d'Arc.
- Den Eisebunnsviaduc dee vum Gustave Eiffel iwwer de Floss Thouet gebaut gouf.
- D'Schlass mat der Orangerie an der Kapell.
- D'Festungsmauere mat der Tour du Prince de Galles.
- D'Mille vu Crevant.
- D'Kierch Saint-Médard aus dem 15. Joerhonnert.
- D'Kierch Saint-Laon mat dem Graf vun der Marguerite vu Schottland.
- De Parc Imbert an d'Gäert laanscht den Thouet.
Persounen déi mat der Stad ze dinn hunn
änneren- De Charles Archaimbault koum 1921 zu Thouars op d'Welt.
- De Jean-Hugues Anglade, Schauspiller, 1955 zu Thouars gebuer.