Thomas Sankara

President vum Burkina Faso (1984-87)

Den Thomas Isidore Noël Sankara, gebuer den 21. Dezember 1949 zu Yako a gestuerwen de 15. Oktober 1987 zu Ouagadougou, war e burkinesche Politiker, Offizéier, Revolutionär, Panafrikanismus- a Marxismus-Aktivist[1],[2],[3]. Hie war am Joer 1983 de 5. Premierminister, a vun 1983 bis 1987 de 5. President vun der Republik Burkina Faso[4].

Thomas Sankara
Gebuertsnumm Thomas Isidore Noël Sankara
Gebuer 21. Dezember 1949
Yako
Gestuerwen 15. Oktober 1987
Ouagadougou
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Uewervolta, Burkina Faso
Aktivitéit Politiker, Offizéier, Staatsmann, Zaldot

De Sankara huet a sengem Land eng jett politesch a sozial Reformen duerchgesat. Sou huet hien de Land- a Grouwebesëtz vun auslännesch Gesellschafte verstaatlecht, Schoulen, Spideeler a Sozialwunnenge baue gelooss, Impfprogrammer duerchféiere gelooss, weiblech Beschneidung verbueden, d'Roll vun der Fra an der Gesellschaft opgewäert, Beem géint d'Desertifikatioun uplanze gelooss, asw[5]. Hie gëllt als "den afrikaneschen Che Guevara"[1].

Hie gouf beim Putsch vum deemolege Justizminister Blaise Compaoré, dee bis 2014 säin Nofollger als President war, ermuert[1].

Den Thomas Sankara war de Museksauteur vun der burkinescher Nationalhymn, an am Joer 1984 huet hien d'Land Uewervolta op den neien Numm Burkina Faso ëmbenenne gelooss[1].

Um Spaweck änneren

Commons: Thomas Sankara – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 http://www.reuters.com/article/us-burkina-sankara-idUSL1757771220071017
  2. http://www.aljazeera.com/news/2015/12/arrest-warrant-blaise-compaore-sankara-killing-151221171346675.html
  3. Thomas Sankara Speaks: the Burkina Faso Revolution: 1983–87, by Thomas Sankara, edited by Michel Prairie; Pathfinder, 2007, pg 11
  4. http://www.worldstatesmen.org/Burkina_Faso.html
  5. https://web.archive.org/web/20120124093433/http://www.zcommunications.org/commemorating-thomas-sankara-by-farid-omar