The Dead Don't Hurt ass e kanadesch-mexikanesch-dänesche Western vum Viggo Mortensen, deen och d'Dréibuch geschriwwen huet an déi männlech Haaptroll spillt.

The Dead Don't Hurt
Film
Produktiounsland Dänemark
Kanada
Mexiko
Produktiounsjoer 2022
Première 8. Sept. 2023
Dauer 129 min
Faarf Faarweg
Format 2,35:1
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Viggo Mortensen
Dréibuch Viggo Mortensen
Fotografie Marcel Zyskind
Schnëtt Peder Pedersen
Produzent Regina Solórzano
Jeremy Thomas
Viggo Mortensen
Produktiouns-
gesellschaft
Talipot Studio
Recorded Picture Company
Perceval Pictures
Schauspiller
Viggo Mortensen
Vicky Krieps
Solly McLeod
Garret Dillahunt
Colin Morgan
Ray McKinnon
Luke Reilly
Atlas Green
Danny Huston
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

En hat seng Première am September 2023 um Toronto International Film Festival. Zu Lëtzebuerg ass en an Avant-Première um LuxFilmFest 2024 gelaf a koum den 1. Mee 2024 an d'Kinoen.

Wourëms geet et am Film änneren

An den 1860er Jore verléiwe sech d'Franco-Kanadierin Vivienne Le Coudy an den Dän Holger Olsen zu San Francisco. Si ginn eng Koppel a loosse sech zu Elk Flats, enger klenger Stad am Nevada, néier, wou den Holger eng Schräinerei opmécht an d'Vivienne Rousen ziicht an als Serveuse schafft. Wéi de Biergerkrich ausbrécht, decidéiert den Holger, op der Säit vun den Uniounsstaaten an d'Arméi ze goen. D'Vivienne bleift zeréck a muss sech géint e korrupte Buergermeeschter an deem säi Geschäftspartner wieren, déi probéieren, mat Bedruch un hir Immobilien ze kommen, souwéi deem säi Bouf, deen et op hatt ofgesinn huet...[1]

Produktioun änneren

D'Dréiaarbechte ware vun Oktober bis Dezember 2022 an de kanadesche Provënzen Ontario a British Columbia, an am mexikanesche Bundesstaat Durango.[2][3]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Vicky Krieps Bows Her Head in Tense Poster for Viggo Mortensen’s Western ‘The Dead Don’t Hurt’." indiwire.com, 2023-09-06 (nogekuckt: 2023-09-07).
  2. Manori Ravindran: "Viggo Mortensen to Direct Western ‘The Dead Don’t Hurt,’ Starring Vicky Krieps" variety.com, 2022-10-06 (nogekuckt: 2023-08-26)
  3. "Viggo Mortensen heeft nieuwe western klaar." cinenews.be, 2023-08-26 (nogekuckt: 2023-09-07).