Thés dansants
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Thés dansants ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm an Documentaire vum Andy Bausch aus dem Joer 1993. De Film nennt sech op senger Affiche "Rockumentary".
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Dauer | 32 min. |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch | Andy Bausch |
Fotografie |
Klaus Peter Weber Carlo Thiel |
Schnëtt | Fabienne Germai |
Schauspiller | |
Am Interview: Guy Theisen, Fred Jager, Charly Hornemann, Chris Baldo, Luke Haas, Camillo Felgen, Armando Bausch, Marc Jaeger, Nico Daubenfeld, Vic Haas, Raymond Tholl, Willy Pultz | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDen Dokumentarfilm ass iwwer d'Rockgruppen, déi an den 1960er zu Lëtzebuerg bekannt waren. Et ginn d'Museker vun deemools interviewt, an och d'Reaktioun vun den Eltere gewisen, éischt Concerten a Fernseesendungen.
Triviales
ännerenMat Leslie Kent, a Tale of Sex, Booze and the Blues huet den Andy Bausch 2006 dem Museker Guy Theisen, deen am Film interviewt gëtt, en eegenen Documentaire dediéiert.
De Lëtzebuerger Filmfong huet d'Produktioun vun Thés dansants 1992 mat engem Subside an Héicht vun 3 Millioune Lëtzebuerger Frang ënnerstëtzt.[1]
Wat sot d'Press?
ännerenDer 30minütige Rockumentary beschert dem luxemburgischen Dokumentarfilm eine Sternstunde. Eine knackige Collage aus Fotos, Interviews, Zeitdokumenten und nachgestellten Szenen... jetzt sprechen sie, unsere wackeren Rockopas, die sich mit einer Träne im Auge und viel humoriger Selbstkritik an die glorreichen Zeiten des 'Kachkéis-Rock' errinnern.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren
Referenzen
änneren- ↑ Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1992, Mäerz 1993, Säit 60
- ↑ Gesammelt Pressstëmmen op webartproject.de