Théodore Bassing
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Théodore Bassing, gebuer de 5. Januar 1867 zu Veianen, a gestuerwen de 17. Dezember 1926 an der Stad Lëtzebuerg, war e Veiner Lokalhistoriker a Schrëftsteller. Hie koum aus enger italieenescher Famill mam Numm Pasino, déi sech ufanks vum 19. Joerhonnert zu Veianen etabléiert hat.
Théodore Bassing | |
---|---|
![]() Medaillon vum Théodore Bassing, Ausschnëtt vum Théodore-Bassing-Monument zu Veianen | |
Gebuer | 5. Januar 1867 |
Gestuerwen | 17. Dezember 1926 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker |
![]() |
De Bassing, deen a senger Heemechtsstad Veianen vun 1891 bis 1926 Gemengesekretär war, huet sech säi Liewe laang mat der Geschicht vum Ourdall beschäftegt, a vill doriwwer publizéiert.
1976 hunn déi "Veiner Geschichtsfrënn" him e Monument direkt bei der Our opriichte gelooss, an der Strooss, déi no him genannt ass: rue Théodore-Bassing. D'Monument gouf vun der Veiner Sculptrice Marie-Josée Kerschen realiséiert.
Seng Publikatiounen änneren
- Bassing, Theodor, 1899. Beitrag zur Geschichte des Schlosses und der Herrschaft Falkenstein, in Ons Hémecht 5
- Bassing, Theodor, 1900. Die Männer- und Jünglingscongregation genannt Marianische Sodalität unter dem Titel: Himmelfahrt Mariä. 21 S., P. Worré-Mertens, Luxembourg.
- Bassing, Theodor, 1904. Sagen und Legenden der Stadt Vianden und ihrer nächsten Umgebung. 76 S., J. Schroell, Diekirch.
- Bassing, Theodor, 1914. Geschichte der Kommende, Komturei oder Kommanderie der kirchlich-militärischen Ritter-Orden der Tempelherren und Johanniter zu Roth bei Vianden. 46 S., Fr. Bourg-Bourger, Luxemburg.
Literatur änneren
- Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1. [Théodore Bassing: S. 37]
Kuckt och änneren
Illustratiounen änneren
-
D'Monument
-
D'Plack um Fouss vum Monument