Tetrachloromethan

cheemesch Verbindung
Tetrachloromethan
Tetrachloromethan
Systemateschen Numm (IUPAC) Tetrachloromethan
Trivialen Numm Tetrachlorkuelestoff, Kuelestofftetrachlorid
Cheemesch Formel CCl4
Ausgesinn / Geroch Faarflos Flëssegkeet, staarke Geroch
Eegenschaften
Dicht 1.5867 g/cm3
Léislechkeet 0,8 g/l bei 20 °C am Waasser
Agregatzoustand flësseg
Molmass 153.82 g/mol
Schmëlzpunkt -22.9 °C
Kachpunkt 76.7 °C
Dampdrock 119,4 hPa (20 °C)
Thermodynamesch Daten
Standard Formatiounsenthalpie
ΔfH0
–128.4 KJ·mol−1
Standardentropie
S0
214.39 J·K−1·mol−1
Verbrennungsenthalpie
ΔcH0
–359.9 KJ·mol−1
Weideres
Änlech Moleküllen Monochloromethan
Dichloromethan
Trichloromethan
Cheemeesch Famill {{{Cheemeesch Famill}}}

Tetrachloromethan ass e chloréierte Kuelewaasserstoff mat der Formel CCl4. Et ass ee vun de véier chloréierten Derivatsprodukte vum Methan.

Physikalesch Eegenschaften änneren

Tetrachloromethan ass eng faarflos Flëssegkeet, déi änlech wéi Chloroform richt. En ass wéineg léislech am Waasser, mä dofir awer am Alkohol, am Ether an am Chloroform.

Cheemesch Eegenschaften änneren

Tetrachloromethan ass net brennbar. Wann e mat enger Flam vaporiséiert gëtt, kënnen héichgëfteg Gaser wéi Phosgen entstoen.

Hierstellung änneren

Tetrachloromethan gëtt duerch Substitutioun vum Waasserstoff duerch Chlor aus Trichloromethan (Choroform) hiergestallt.

 

Uwendung änneren

Tetrachloromethan gëtt als Léisungsmëttel an Entfetter gebraucht. Fréier gouf en als Läschmëttel an als Botzmëttel an der Industrie an am Stot benotzt, mä en ass duerch manner gëfteg Substanzen ersat ginn. Tetrachloromethan soll a loftdichte Behältere gelagert ginn a vu Liicht an Temperature vu méi wéi 30 °C geschützt ginn.

Auswierkungen op d'Gesondheet änneren

De flëssegen Tetrachlormethan a seng Dämp si gëfteg. Et soll een all direkte Kontakt mat dësem Produkt vermeiden. Duerch Anotmen an Ofschlécken triede Symptomer vu Vergëftung op, d'Haut gëtt gereizt an et ka souguer eng Dermatite entstoen. Donieft verursaacht e nach Mo- an Daarmstéierungen, Dronkenheet, Iwwerschëdden, Péng am Ënnerléiw, Kappwéi a ka bis zu Koma an Doud féieren. Wann een dem Tetrachloromethan chronesch ausgesat ass, entstinn änlech Symptomer wéi virdrun an aner Auswierkunge wéi enk ageschränkte Vue an Anämie.

Literatur änneren

  • Martindale, The Extra Pharmacopoeia, Thirtieth Edition

Um Spaweck änneren