Eng cheemesch Formel beschreift d'Zesummesetzung cheemescher Verbindungen a kann Informatiounen iwwer den Opbau enthalen. Eng cheemesch Formel enthält ëmmer Date vun de cheemeschen Elementer déi an der Verbindung sinn an iwwer d'Zueleverhältnes vun den Deelercher an der Verbindung.

Verschidde Formelduerstellunge vum Benzol-Moleküll.

Vun de Formele sinn d'Elementsymboler z'ënnerscheeden: H fir Waasserstoff, Mg fir Magnesium, N fir Stéckstoff. Wa sech zwee oder méi Atomer vum selwechten Element zu engem Moleküll verbannen, da gëtt dat nees erëm mat enger (Moleküll-) Formel gekennzeechent: H2 fir Waasserstoff, N2 fir Stéckstoff, O3 fir Ozon.

Et gi verschidde cheemesch Formelen ënnerscheet:

  • Verhältnesformel: Si setzt sech aus Elementsymbolen a klengen, déifgestallten Zuelen (Indizes) zesummen a gëtt nëmmen d'Verhältnes zeréck, an deem déi eenzel cheemesch Elemente an enger cheemescher Verbindung enthale sinn. Dobäi gi ganzzueleg Verhältneszuele benotzt.
Beispill: D'Verhältnesformel fir Benzol ass C1H1, d'Verhältnesformel vun Aluminiumsulfat ass Al2O12S3.
  • Zommeformel: D'Zommeformel gëtt jee d'Zuel vun den Atome vum cheemeschen Element un, déi an enger Verbindung enthale sinn. Bei Moleküllen gëtt domat och déi tatsächlech Heefegkeet vun den Atome verschiddener Elemente am Moleküll uginn. D'Zommeformele vu Salzer entspriechen an der Reegel hire Verhältnesformelen, ginn awer meeschtens a Form vun Formeleenheeten uginn, déi de Stöchiometrie vun der Verbindung erfëllen.
Beispill: D'Zommeformel fir Benzol ass C6H6, d'Zommeformel (Formeleenheet) vun Aluminiumsulfat ass Al2(SO4)3.
  • Strukturformel: D'Strukturformel gëtt, nieft der Zuel vun de verschiddenen Atome an engem Moleküll, och deenen hir Andeelung zoueneen zeréck, dat heescht, si gëtt och Infoe iwwer d'Aart vun den Atome an d'Aart vun hire Verbindungen (Bindungen), eventuell och iwwer Bindungswénkel a Bindungslängten. D'Buchstawe stinn fir eenzel Atome. E Strich entsprécht engem Elektronenpuer, dat an enger Elektronewollek/Orbital virläit an entweeder d'Bindung tëscht Atomen ausmécht oder e sougenannten fräit Elektronepuer ass. Zwee parallel Stricher bedeiten entspriechend eng duebel Bindung.
  • Kristallcheemesch Strukturformel: Si ass eng speziell Formelschreifweis, déi an der Mineralogie fir méi komplex cheemesch Verbindunge benotzt gëtt. D'kristallcheemesch Strukturformel baséiert op der Zommeformel, sortéiert d'Bestanddeeler awer no Kationen an Anionen souwéi der strukturellen Positioun vun den Anionen.
Beispill: D'Zommeformel fir Fluorapatit ass Ca5(PO4)3F, d'kristallcheemesch Strukturformel dogéint Ca5[F|(PO4)3], well d'Anion Fluor net mam Phosphatkomplex verbonnen ass, mä nëmme mat dem Kation Calcium. Fluor ass entspriechend vum restlechen Anionenverband ofgetrennt an an d'Géigend vum Kations geréckelt.

D'Benotze vun den eenzele Formeltypebezeechnungen ass net ëmmer eenheetlech gereegelt a vill Bezeechnunge gi synonym gebraucht. Strukturformelen ginn haaptsächlech fir d'Beschreiwung vu Molekülle benotzt. Allerdéngs gëtt eng Strukturformel och fir d'Beschreiwung vun Ionen a Kristaller benotzt, well d'Ionen an den Ionenkristaller och "strukturéiert" sinn. Eng fir salzaarteg Substanze gebraucht Formel sollt als Formeleenheet bezeechent ginn, net als Strukturformel oder Zommeformel. Déi tatsächlech Struktur vun enger salzaarteger Verbindung gëtt eréischt duerch seng Kristallstruktur gekläert.

Weider Duerstellungsméiglechkeeten änneren

Um Spaweck änneren