Dichloromethan
Dichloromethan | |
---|---|
![]() | |
Systemateschen Numm (IUPAC) | Dichloromethan |
Trivialen Numm | Methylenchlorid |
Cheemesch Formel | CH2Cl2 |
Ausgesinn / Geroch | Faarflos Flëssegkeet, staarke Geroch |
Eegenschaften | |
Dicht | 1,327 g/cm3 |
Léislechkeet | 20 g/l bei 20 °C (am Waasser) |
Agregatzoustand | flësseg |
Molmass | 84.93 g/mol |
Schmëlzpunkt | -96.7 °C |
Kachpunkt | 40 °C °C |
Dampdrock | 470 hPa (20 °C) |
Thermodynamesch Daten | |
Standard Formatiounsenthalpie ΔfH0
|
-124.3 KJ·mol−1 |
Standardentropie S0
|
174.5 J·K−1·mol−1 |
Verbrennungsenthalpie ΔcH0
|
-602.50 KJ·mol−1 |
Weideres | |
Änlech Moleküllen | Monochloromethan Trichloromethan Tetrachloromethan |
Cheemeesch Famill | {{{Cheemeesch Famill}}} |
Dichloromethan ass e chloréierte Kuelewaasserstoff mat der Formel CH2Cl2. Et ass ee vun de véier chloréierten Derivatsproduite vum Methan.
Physikalesch Eegenschaften Änneren
Dichloromethan ass eng beweeglech a flüchteg Flëssegkeet, déi änlech wéi Chloroform richt. En ass gutt léislech am Alkohol an am Ether, awer nëmme wéineg am Waasser.
Cheemesch Eegenschaften Änneren
Dichloromethan ass nëmme schwéier brennbar a forméiert mat Loft keen explosivt Gasgemësch.
Hierstellung Änneren
Dichloromethan gëtt duerch Substitutioun vum Waasserstoff duerch Chlor aus Monochloromethan hiergestallt.
Uwendung Änneren
An der Industrie gëtt Dichloromethan als Léisungsmëttel benotzt. Donieft ass et en Ofbeezmëttel fir Lack a gëtt geholl fir Phosgen hierzestellen. Dichloromethan soll a loftdichte Behältere gelagert ginn.
Auswierkungen op d'Gesondheet Änneren
D'Dämp vum Dichloromethan si gëfteg a verursaache Kappwéi a Dronkenheet a reizen d'Aan. Si kënne bis zum Koma an Doud féieren. Wann een CH2Cl2-Dämp chronesch anotemt, triede Mo- and Daarmstéierungen a Symptomer vu Vergëftung op.
Literatur Änneren
- Martindale, The Extra Pharmacopoeia, Thirtieth Edition