Den Terence Hardy "Terry" Waite, gebuer den 31. Mee 1939 zu Styal am Cheshire, ass en engleschen Humanist a Buchauteur. Hie sollt am Libanon mat Geiselentféierer iwwer d'Fräiloossung vu Geisele verhandelen a gouf dobäi selwer gekidnappt a festgehalen. A sengem bekanntste Wierk (Taken on Trust) erzielt hien, wéi hien d'Zäit vu senger Geiselhaft (et ware bal 5 Joer) verbruecht huet.

Terry Waite
Gebuer 31. Mee 1939
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Schrëftsteller

Den Terry Waite ass och bekannt fir seng Aktivitéiten am Zesummenhank mat Wueltätegkeetsorganisatiounen (Emmaus, asw.). Hie war och de Chef vun der Romany Society.

Dem Terry Waite seng Geschicht änneren

Als Gesandte vun der Englescher Kierch, ass den Terry Waite an de Libanon geflunn, fir iwwer d'Fräiloosse vu véier Geisele vum Islamesche Jihad, dorënner de Journalist John McCarthy, ze verhandelen. Hien ass den 12. Januar 1987 zu Beirut, der Haaptstad vum Libanon, ukomm. Den 20. Januar huet hie mat den Entféierer Kontakt opgeholl. Si hunn iwwer d'Waffeliwwerungen an den Iran an iwwer d'Fräiloosse vu 17 Prisonéier am Kuwait verhandelt. Ënner dem Firwand, hien hätt seng Engagementer net agehalen, gouf den Terry Waite den 2. Februar 1987 och als Geisel geholl an ass eréischt de 17. November 1991, bal 5 Joer duerno, fräikomm.

Den Terry Waite als Conferencier änneren

Den Terry Waite huet duerno vill vu senger Zäit fir Wueltätegkeetsorganisatiounen opbruecht an ass och héich geéiert ginn. Mä hien ass och vill als Conferencier opgetratt; och op Croisièresschëffer. Wien hie kennegeléiert huet, ka bezeien, datt hien de Courage behal an d'Moral ni verluer huet. Den Terry Waite konnt mat groussem Talent erzielen, wat hien alles déi 5 Joer an der Däischtert an an der totaler Isolatioun gemaach huet, fir d'Gefill fir Dag an Nuecht net ze verléieren. Hien hat no enger gewësser Zäit nämlech eraus, datt e Geräisch, dat hie gemengt huet ze héieren, vum Täppechklappen hierkéim, a konnt doraus schléissen, datt den Dag ugebrach wier.

Säi Wierk änneren

  • Terry Waite: Taken on Trust, 1991
  • Terry Waite: Footfalls in Memory, 1995

Literatur änneren

  • Hewitt, Gavin: Terry Waite: Why Was He Kidnapped? Bloomsbury, (28. November 1991)

Um Spaweck änneren