Terra (Satellit)
Den Terra, och EOS-1 oder EOS-AM1 genannt, ass en Äerdobservatiounssatellit vun der US-amerikanescher Loft- a Raumfaartagentur NASA, deen den 18. Dezember 1999 gestart gouf. En déngt der Fuerschung an Observatioun vun eiser Äerd. Déi geplangt Liewensdauer vum Satellit gouf am Ufank op 6 Joer festgehalen.
TERRA | |
---|---|
Typ | Äerdobservatiounssatellit |
Land | USA |
Agentur | NASA |
Apogeum | 703 km |
Perigeum | 701 km |
Bunnschréi | 98,8° |
Mass | 4864 kg |
Bunn-Ëmlafzäit | 98 min. |
Start | 18. Dezember 1999 18:57 UTC |
Startplaz | Vandenberg Air Force Base, SLC-3E |
Drorakéit | Atlas-2AS |
Status | am Orbit |
Den Terra ass nieft Aqua an Aura eng vun den dräi Haaptmissioune vum Earth Observing System (EOS), engem en ettlech Missiounen ëmfaassenden, laangfristege Fuerschungsprogramm vun der NASA. De Satellit kascht 1,3 Milliarden US Dollar.
Bunndaten
ännerenDe Satellit beweegt sech op enger polarer, sonnesynchroner Äerdëmlafbunn (SSO).
Eng Eegenschaft vun där Ëmlafbunn ass, datt de Satellit all Dag zur selwechter Zäit de selwechte Punkt op der Äerd passéiert. Dofir gi sou Äerdëmlafbunnen dacks fir meteorologesch Satellitten an Äerdobservatiounssatellitte gebraucht.
Instrumenter
ännerenU Bord vum Satellit si follgend fënnef Instrumenter:
- ASTER (Advanced Spaceborne Thermal Emission and Reflection Radiometer) mécht héichopléisend Biller a 14 Kanäl vum visuelle Liicht bis an d'thermesch Infraroutstralung. D'Opléisung ass ongeféier 15 bis 90 Meter pro Bildpunkt. Doraus kënne Séihéicht, Uewerflächentemperatur, Reflektivitéit an Emissivitéit vum Landdeel ofgeleet ginn. D'Instrument gouf a Japan gebaut.
- CERES (Clouds and the Earth's Radiant Energy System) bestëmmt de ganze Wäermefloss vu bezéiungsweis zu der Äerd a liwwert Informatiounen iwwer d'Beschaafenheet vun de Wolleken. U Bord vun Terra sinn och zwéi CERES-Instrumenter, eent dovun observéiert ëmmer d'Äerd a riichter Richtung, wärend dat anert schwenkbar ass.
- MISR (Multi-angle Imaging Spectro-Radiometer) besteet aus 9 Kameraen, woubäi alle 4 Faarfkanäl (blo, gréng, rout, not Infrarout) huet; d'Kameraen observéieren d'Äerd ënner verschidde Wénkelen. D'Instrument ënnersicht d'Streeung vum Sonneliicht, Wolleken, Aerosole an d'Vegetatioun.
- MODIS (MODerate-resolution Imaging Spectroradiometer) huet eng relativ kleng Opléisung a schafft mat 36 Kanäl. Et déngt zu der Erkennung groussraimeger Ännerungen an der Biosphär.
- MOPITT (Measurements of Pollution in the Troposphere) moosst d'Konzentratioun vun Methan an Kuelestoffmonoxid an der Troposphär mat Gas-Korrelatiouns-Spektroskopie.
Terra hat de 24. Februar 2000 mat den Opzeechnunge vun den Daten ugefaangen.
Kuckt och
änneren- Lëscht vun onbemannte Raumfaartmissiounen
- Aura
- Aqua
- Earth Observing System
- Blue Marble (Fotoe vun der Äerd)
Um Spaweck
ännerenCommons: Terra (satellite) – Biller, Videoen oder Audiodateien |