Aura (Satellit)
Aura ass den Numm vun engem Äerdobservatiounssatellit vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA. E gouf de 15. Juli 2004 mat enger Rakéit vum Typ Delta 2 gestart. De Satellit Aura ass an engem sonnesynchronen Orbit mat enger Inklinatioun vun 98,2° an zirka 700 km Héicht. Déi sechs Satellitten Aura, Aqua, CloudSat, PARASOL, CALIPSO an OCO-2 (OCO-1 gouf no engem Echec ersat) bilden zesummen den A-Train.
Aura | |
---|---|
Typ | Fuerschungssatellit |
Land | USA |
Agentur | NASA |
COSPAR-Bezeechnung | 2004-026A |
Apogeum | 710 km |
Perigeum | 709 km |
Bunnschréi | 98,11° |
Mass | 2967 kg |
Bunn-Ëmlafzäit | 98,83 min |
Exzentrizitéit | - |
Gréisst | 4,70 m × 17,37 m × 6,91 m |
Start | 15. Juli 2004, 10:02 UTC |
Startplaz | Vandenberg Air Force Base, SLC-2W |
Drorakéit | Delta 2 7920-10L |
Status | am Orbit |
Haaptziler vun der Missioun sinn d'Observatioun vun der Ozonschicht, d'Observatioun vun der Loftqualitéit (buedemnot Ozon, Stéckstoffdioxid, Aerosolen) an dem Klimawiessel. De Satellit huet mat der routineméisseger Sammlung vun Daten, no enger Kalibréierungsphas, de 14. Oktober 2004 mat schaffen ugefaange.
De Satellit huet véier Instrumenter u Bord:
- HIRDLS (High Resolution Dynamic Limb Sounder) méisst d'Infraroutstralung vun Ozon, Waasserdamp, Fluorchlorkuelewaasserstoffer, Methan a verschidde Stéckstoffverbindunge.
- MLS (Microwave Limb Sounder) méisst d'Mikrowellestralung vu verschiddene Spueregase.
- OMI (Ozone Monitoring Instrument) schafft am visuellen an ultraviolette Beräich vum elektromagnéiteschem Spektrum a liwwert héichopgeléiste Biller vun der globaler Ozonverdeelung, vun anere Spueregasen a vun Aerosolen.
- TES (Tropospheric Emission Spectrometer) méisst d'Konzentratioun vu buedemnoem Ozon an andere Spueregase duerch hir Infraroutemissiounen.