Mississippi River

längste Floss an Nordamerika
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Floss an Nordamerika. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Mississippi.
Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Mississippi [ˌmɪsɪˈsɪpɪ] ((en) Mississippi River) ass en ëm déi 4.000 Kilometer[1] laange Stroum an Nordamerika. En entspréngt aus dem Itascaséi am nërdleche Minnesota a leeft ronn 160 km südlech vun New Orleans an de Golf vu Mexiko.

Mississippi River
Längt 3.766 km
Debit 12.743 m³/s
Fläch vum Baseng 2.981.000 km²
Leeft an Golf vu Mexiko

De Missouri, säi längsten Niewefloss, ass bis bei d'Mëndung däitlech méi laang (4.087 km), huet awer weesentlech manner Waasser wéi de Mississippi. De Missouri an den Ënnerlaf vum Mississippi bilden als „Mississippi-Missouri“ mat 6.051 Kilometer Längt de véiertlängste Flosssystem vun der Äerd. Vum Waasservolumen hier ass den Ohio de gréissten Niewefloss.

Op sengem Laf vum Norden an de Süde leeft de Mississippi quasi duerch dat ganzt Staatsgebitt vun den USA a fléisst duerch aacht US-Bundesstaaten: Minnesota, Illinois, Missouri, Kentucky, Arkansas, Tennessee, Mississippi a Louisiana.

Um Spaweck

änneren
Commons: Mississippi River – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. D'Donnéeën iwwer d'Längt ginn auserneen, deels wéinst der Joreszäit oder der Miessmethod. Den Itasca State Park gëtt fir den Haaptstamm vum Mississippi eng Längt vun 2.552 Meilen un (4.107 km), d'US Geologic Survey nennt 2.300 Meilen (3.701 km), d'United States Environmental Protection Agency 2.320 Meilen (3.734 km), an d'Mississippi National River and Recreation Area 2.350 Meilen (3.782 km) Quell: https://www.nps.gov/miss/riverfacts.htm