Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Éischte Kräizzuch war eng chrëschtlech Krichsrees fir Palestina z'errueweren, eng Aktioun zu där de Poopst Urban II. de 27. November 1095 um Konzil vu Clermont opgeruff hat.

Éischte Kräizzuch
D'Kräizritter zu Konstantinopel
(Tableau vum Eugène Delacroix,1840)
Datum 1096 - 1095
Plaz Levant,
Anatolien,
Noen Osten
Resultat

Victoire vun de Kräizritter


Am Ufank war e geduecht fir dem Byzantinesche Räich bei der Verdeedegung géint d'Seldschucken ze hëllefen. De Kräizzuch huet 1096 als Pilgerrees ugefaangen, bei där bewaffnet Pilger an en ettlech Ritterarméien aus Frankräich, Däitschland an Italie matgemaach hunn. Als Schluss gëllt d'Eruewerung vu Jerusalem am Joer 1099 mat enger Arméi ënner dem Kommando vum Godefroy vu Bouillon, Bohemund von Tarent, Raymond vu Saint-Gilles an Tancrède vun Hauteville an an der Folleg d'Grënnung vum Kinnekräich Jerusalem.

Geopolitesch Situatioun virum Kräizzuch änneren

1054 war e Chisma tëscht der kathoulescher Kierch vu Roum an där vu Konstantinopel entstanen, an ëm 1078 hunn an der islamescher Welt déi tierkesch Seldschucken ëmmer méi Muecht kritt, wat dunn och Jerusalem ze spiere krut. D'Helleg Stad, déi vu 607 un, vun den arabesche Kalife vun den Abbasside kontrolléiert gouf, stoung op eemol ënner dem Jach vun enger brutaler tierkescher Arméi, déi scho virdru Persien a Palestina besat hat. D'Pilger konnten net méi an d'Helleg Stad kommen, an déi chrëschtlech Bevëlkerung huet sech ëmmer méi bedreet gefillt. De Poopst huet an där moslemescher Invasioun déi amgaange war sech iwwer ganz Klengasien auszebreeden, eng Geleeënheet gesinn fir déi zwou Kierchen nees ze vereenegen a sou méi stark géint déi gemeinsam Gefor ze sinn. De Poopst Gregoire VII. hat schonn e Projet fir eng militäresch Interventioun geplangt, aus deem awer näischt ginn ass. De byzantinesche Keeser Alexis I. huet säi chrëschtlecht Räich a Gefor gesinn an d'Ritter an d'Pilger deenen de Wee op Jerusalem verspaart war hu sech ëmmer méi geiergert, sou datt de Poopst decidéiert huet, datt et un der Zäit wier fir eppes z'ënnerhuele fir de Moslemen de Bass ze halen an datt Roum nees d'Kontroll iwwer d'Hellegt Graf sollt kréien.

Den Opruff vu Clermont änneren