De Centre technolink ass als Projet am Joer 1998 vum Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg an d'Liewe geruff ginn. D'Zil war et déi Stater Spill- a Primärschoule mat den Instrumenter vun deenen neie Kommunikatiouns- an Informatiounstechnologien anzeriichten.

De Gaston Nilles, Stater Schoulmeeschter, gouf sengerzäit vun der Gemeng detachéiert fir dee ganze Prozess ze starten, an an d'Wee ze leeden. Hien huet Konzepter entworf, wéi d'Schoulsäll z'équipéire wieren, fir deene villsproochegen +/- 5500 Schüler an de 600 Léierinnen a Schoulmeeschteren en Zougang zu den interaktiven Inhalter vun der Spaweck z'erlaben. Den Ekipement gouf gréisstendeels am Joer 2004 ofgeschloss.

Simultan zum Ekipement ass och eng Internetplattform mat pedagogeschen Inhalter op d'Bee gesat ginn. Sou sinn am Dialog mat dem Léierpersonal eng helle Wull vu pedagogeschen Initiativen an d'Liewe geruff ginn, wouvun de MiniBook, d'Edulinks, de Multimedia-Dictionnaire an "Interaktiv Exercicer" der nëmmen e puer sinn.

Am Joer 2007 hunn déi politësch Responsabel vun der Stad Lëtzebuerg decidéiert, de Projet an engem feste Service ze stabiliséiren an him déi néideg Moyenën zur Verfügung ze stellen.

De Centre technolink huet seng Heemecht um Zens font. Am Laf vun de Joren ass d'Ekipp vum Centre technolink gewuess: eng Graphikerin (Michèle Sales: 1999-...), e bäigeuerdneten Responsablen (Josée Beffort: Aug 2001 bis Aug 2003; Gast Groeber: Aug 2003 - Abrëll 2007; Jeannot Scheitler: Aug 2006 - Aug 2022), zwéin Techniker (Hugo Falk: 2001-...), e logistesche Sekretär (Patrick Ries: Sep 2007-...).

Den 30.n Abrëll 2007 ass de Gast Nilles an d'Pensioun gaangen, a vum 1. Mee 2007 un ass de Gast Groeber den neie Responsablen.

Vun 2008 un, sinn dem Centre technolink seng Prioritéiten eng adequat Securisatioun vu sengem Reseau an e Weiderentwéckle vu senger pedagogescher Offer.

Um Spaweck änneren

De Site vum Centre technolink

Den technolink-Site fir Kanner tëscht 3 an 8 Joer