D'Pegasus-Bréck ass de Spëtznumm deen eng Bréck um Kanal vu Caen, net wäit ewech vu Bénouville an der Normandie, wärend dem zweete Weltkrich krut.

Déi nei Pegasus-Bréck
D'Bréck opgeklappt

D'Bild hei niewendrun weist déi nei Bréck déi 1994 ganz genee d'selwecht opgeriicht ginn ass wéi déi al Bréck vun 1935. Et ass eng Rull-Klapp-Bréck vum Typ Scherzer, an den Deel, deen an d'Luucht geet ass 45,70 m laang. Iwwer d'Bréck geet d'Departementsstrooss D 514.

Déi nei Bréck gouf beim 50. Anniversaire vun der Landung vun den Alliéierten an der Normandie ageweit. Déi al Bréck steet an engem Musée net wäit dovun ewech.

Si krut hiren Numm vun enger brittescher Unitéit (6. brittesch Loftlandedivisioun) där hiren Emblème de Pegasus ass. Déi Unitéit hat als Missioun d'Bréck z'erueweren (Operatioun Deadstick) a si stoung ënner dem Kommando vum Majouer John Howard. En aneren Offizéier dee bei där Aktioun derbäi war, wat de spéidere Filmschauspiller Richard Todd, deen iwweregens am Film The Longest Day d'Roll vum John Howard spillt.

D'Zaldote si mat dräi Horsa-Laaschtesegeleren de 6. Juni 1944 kuerz no Hallefnuet knapps honnert Meter vun der Bréck ewech gelant ouni datt et den däitschen Zaldoten opgefall war. Dräi aner Seglere mat engem zweete Kommando sollten d'Nopeschbréck erueweren déi spéider Horsa-Bréck genannt gouf. All Kommando bestoung aus ongeféier 30 Mann. Bei där Operatioun goufen 2 Britten erschoss a 14 blesséiert. Den éischte Gefalene bei där Aktioun a vun der Invasioun de Läitnant Brotheridge läit um Kierfecht vu Ranville wou eng Plack un hien erënnert, grad sou wéi un déi éischt franséisch Famill déi befreit gouf.

Um Spaweck änneren

Commons: Pegasus Bridge – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.