De Struve ass de Rescht vun engem lunaren Aschlagkrater de mat Lava gefëllte ass. Hie läit am westlechen Deel vum Oceanus Procellarum op der viischter Äerdmoundsäit.

Struve (Moundkrater)
De Moundkrater Struve mat de Kratere Russell an Eddington. (LROC-WAC)
Eegenschaften
Breet 23,39° N
Längt -76,56° W
Duerchmiesser 164,34 km
Déift -
Selenographesch Längt 80° bei Sonnenopgank
Genannt nom Friedrich Struve,
Otto Wilhelm von Struve,
Otto von Struve
Krut säin Numm am Joer 1964

Den Nordrand vum Krater iwwerschneit de Rand vum klenge Krater Russell, sou datt déi zwéi Krateren zesummen eng Aacht (8) bilden. Am Südoste sinn d'Reschter vun nach engem Krater dee mat Lava gefëllt ass, den Eddington, an am Südweste steet de Balboa Krater.

De Randrampli vum Struve ass onreegelméisseg héich an deelweis ënnerbrach, sou datt Verbindungen zum Oceanus Procellarum do sinn. Den eigentlech ronne Biergzuch ass knapps ze gesinn. Et gëtt en ettlech kleng Aschlagplazen am Randrampli vum Struve, dovu leien déi meescht am Südwesten. Den Niewekrater Struve G iwwerlappt de westlechen Deel vum Struve-Krater, an direkt am Norden ass en Duerchbroch zum Oceanus Procellarum laanscht déi baussenzeg Ramplie vum Russel an Eddington.

Fréier gouf d'Formatioun Otto Struve genannt, well een awer och déi béid aner Familljemembere vum Otto Struve, déi och Astronome waren, wollt éieren, gëtt d'Gebitt haut nëmme Struve genannt.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
B 18,97° N, 77,09° W7 13 km [1]
C 22,86° N, 75,36° W7 11 km [2]
D 25,33° N, 73,76° W7 11 km [3]
F 22,48° N, 73,67° W7 9 km [4]
G 23,88° N, 73,98° W7 14 km [5]
H 25,19° N, 83,31° W7 21 km [6]
K 23,44° N, 73,04° W7 7 km [7]
L 20,67° N, 76,1° W7 15 km [8]
M 23,25° N, 75,26° W7 15 km [9]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren