Stefan (Film)
Stefan ass e Kuerzfilm vum lëtzebuergesche Regisseur Andy Bausch aus dem Joer 1982.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Première | 1982 |
Format | Super 8[1] |
Originalsprooch | Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch | Andy Bausch, fräi nom Ronald H. Schernikau senger Kleine Stadtnovelle |
Musek | Patrick Hippert, Guy Schmit |
Produzent | Andy Bausch |
Produktiouns- gesellschaft | Andy Bausch Produktion |
Schauspiller | |
Thierry van Werveke als Ulli Rosario Grasso als Stefan Josy Braun Claudine Bimmermann Thilly Jung Jhemp Hoscheit Micky Bintz Philippe Eschenauer | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe Stefan ass en introvertéierte Schüler, dee sech bewosst gëtt, datt en homosexuell ass, an datt en a säi Matschüler Ulli verléift ass. Mä Elteren a Proffe wëllen näischt dovu wëssen: hie flitt vun der Schoul.
Dëst ass dem Thierry van Werveke säin alleréischte Filmoptrëtt. Stefan ass zesumme mat engem anere Kuerzfilm vum Andy Bausch, Lupowitz, gewise ginn.
Kuckt och
änneren
Referenzen
änneren- ↑ Mir wëlle bleiwe, wat mir sin: Soziolinguistische und sprachtypologische Betrachtungen zur luxemburgischen Mehrsprachigkeit, Guy Berg, 1993, May Niemeyer Verlag, Tübingen, Säit 74