Lupowitz ass e Kuerzfilm vum lëtzebuergesche Regisseur Andy Bausch aus dem Joer 1982.

Lupowitz
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 1982
Format Super 8[1]
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie Andy Bausch
Dréibuch Andy Bausch, fräi nom Woody Allen sengem Mr. Big
Fotografie Andy Bausch
Produzent Andy Bausch
Produktiouns-
gesellschaft
Andy Bausch Produktion
Schauspiller
Thierry van Werveke
Claudine Bimmermann
Paul Hoffmann
Josy Braun
Philippe Eschenauer
Michel Clees
Diane Schwartz
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

E Privatdetektiv kritt den Optrag, nom "Big enchilada", dem Boss vun de Bossen, dem Big Boss par excellence: Gott himself ze sichen...

Soss änneren

De Film ass eng Adaptatioun vum Woody Allen senger Kuerzgeschicht Mr Big. Sou wéi den Allen de Stil vun de Kriminalromaner aus den 1930er-1940er Jore parodéiert, parodéiert de Bausch stilistesch d'Film Noirën aus där Zäit.

De Film ass zesumme mat Stefan, engem anere Kuerzfilm vum Andy Bausch, doruechter gewise ginn.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Mir wëlle bleiwe, wat mir sin: Soziolinguistische und sprachtypologische Betrachtungen zur luxemburgischen Mehrsprachigkeit, Guy Berg, 1993, May Niemeyer Verlag, Tübingen, Säit 74