Stam. Nous restons là ass en Documentaire vun de Regisseurinnen Anne Schiltz a Charlotte Grégoire.

Stam. Nous restons là
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 14. Dezember 2006
Dauer 57 min
Format 16:9
Originalsprooch Rumänesch, Däitsch
Ekipp
Regie Anne Schiltz,
Charlotte Grégoire
Dréibuch Anne Schiltz,
Charlotte Grégoire
Fotografie Caroline Schuler
Musek François Hausemer
Schnëtt Misch Bervard
Produzent Anne Schroeder
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

En hat de 14. Dezember 2006 Première zu Lëtzebuerg.

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Film dokumentéiert d'Liewe vun zwou jonke Fraen aus dem rumäneschen Dierfche Mâlăncrav an Transylvanien: dem Ruth, enger däitschsproocheger "Siwebierger Sachsin" an dem Natalia, enger Roma. Si ware fréier Nopeschen, ma elo ass d'Ruth an Däitschland ausgewandert...

Soss änneren

D'Iddi fir de Film ass am Joer 2002 entstaanen, duerno gouf um Konzept geschafft. 2004 hunn d'Regisseurinnen, d'Lëtzebuergerin Anne Schiltz an d'Belsch Charlotte Grégoire, d'Filmproduzentin Anne Schroeder vu Samsa Film getraff, déi bereet war, de Projet z'ënnerstëtzen.[1]

D'Regisseurinnen sinn allebéid Anthropologinnen an hunn zesummen nach dräi weider Documentairen iwwer Rumänien gedréint: Charges communes (2012), Bureau de chômage (2015) a Ceux qui restent (2019).[2] De leschten ass eng Revisitatioun vum Natalia an dem Duerf Mâlăncrav, méi wéi zéng Joer méi spéit. [3]

De Film ass op enger ganzer Rei Festivalle gelaf, dorënner zu Ljubljana, Paräis, Ville-sur-Yron, Jerewan, Bréissel, Saint-Dié des Vosges a Mäerzeg.[4]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. siebenbuerger.de: Bleiben oder Gehen? Film über Malmkrog vum Brigitte Krech(14. Mee 2007)
  2. : Evénements Cinématographiques, à Namur : "Ceux qui restent" et "Pauvres Millionnaires" vum Yves Calbert (16. Juni 2019)
  3. cinergie.be: Ceux qui restent - Rencontre avec Anne Schiltz et Charlotte Grégoire vum Dimitra Bouras an Tom Sohet (10. Mee 2019)
  4. Stăm op monoeil.org