Anne Schiltz (1975)

lëtzebuergesch Anthropologin
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der 1975 gebuerener Anthropologin Anne Schiltz. Fir déi aner Anne Schiltz, déi och Anthropologin ass, kuckt wgl. Anne Schiltz.

D'Anne Schiltz, gebuer den 28. Mäerz 1975 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Anthropologin.[1]

Anne Schiltz
Gebuer 28. Mäerz 1975
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Université libre de Bruxelles,
Dikrecher Kolléisch
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur

Si huet eng Licence a Sozialer a Kultureller Anthropologie op der ULB an duerno en DEA a Kognitive Wëssenschaften, och op der ULB, gemaach. Zanter 2009 ass si Docteur an der Anthropologie (ULB), de Schwéierpunkt vun der Recherche war kulturell Transmissioun a Rumänien[1]

2007 huet si Projeten zu Sibiu am Kader vu Lëtzebuerg a Groussregioun Europäesch Kulturhaaptstad 2007 koordinéiert.[1]

D'Anne Schiltz huet zesumme mat der Charlotte Grégoire d'Documentairë Stam. Nous restons là (Samsa Film, 2007), Charges Communes (Samsa Film, 2012) a Bureau de chômage (Eklektik Productions, 2015) realiséiert.

2013 huet si zesumme mam Historiker Benoît Majerus den Documetaire Orangerie iwwer de Centre hospitalier neuropsychiatrique vun Ettelbréck gedréint.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Fiche "Filmographie" vum Film Charges communes op samsa.lu.