Fränz Hausemer

lëtzebuergesche Museker a Regisseur
(Virugeleet vu(n) François Hausemer)

De François Hausemer, genannt Fränz Hausemer, gebuer 1975, ass e lëtzebuergesche Museker a Regisseur.[1]

Fränz Hausemer
Gebuer 1975
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Schauspiller, Regisseur

Hien huet Musek um Escher Conservatoire geléiert an duerno op der Brunel University an op der Kingston University zu London Musek, Film an Televisioun studéiert.

2018 huet hien den Documentaire Schwaarze Mann: Un Noir parmi nous erausbruecht, e Portrait vum Jacques Leurs, deen als den éischte schwaarze Lëtzebuerger gëllt.

Hien huet wärend dräi Joer un der virtueller Ausstellung 75 ans en mouvement vum CFL geschafft, déi am Dezember 2021 der Ëffentlechkeet firgestallt gouf.[2][3]

De Fränz Hausemer ass och als Schauspiller aktiv an huet d'Band MinotaureduNord matgegrënnt.[4]

Referenzen änneren

  1. Biographie op luxfilmfest.lu
  2. lessentiel.lu: Les CFL se racontent dans une expo virtuelle (17. Dezember 2021)
  3. cfl75.lu: À Propos
  4. woxx.lu: MinotaureduNord : Songs from the Labyrinth vum Florent Toniello (8. Oktober 2018)