De Stade Maurice Dufrasne meeschtens Stade de Sclessin genannt, well en en der Uertschaft Sclessin bei Léck steet, ass de Foussballsstadion vum belsche Foussballsclub Standard vu Léck. Den Numm gouf zu Éiere vum fréiere President vum Standard Maurice Sclessin verginn, dee vun 1905 bis 1931 President war.

Vue op den Terrain an d'Tribüne wärend dem Match Standard Léck géint UN Käerjéng 97, 2007

De Stadion steet um lénksen Uwänner vun der Meuse laanscht d'Nationalstrooss déi vu Léck op Huy féiert, op der Kräizung mat der Bréck vun Ougrée.

De Stadion gouf 1984 gebaut, a gouf 1999 wéinst der Foussballeuropameeschterschaft 2000 déi an der Belsch an an Holland gespillt gouf, renovéiert. Mat ronn 30.000 Plazen, alles Sëtzplazen, ass et no dem Heysel Stadion an dem Jan Breydel Stadion den drëttgréisste Foussballstadion an der Belsch.

Den éischte Stadion vum Standard gouf 1909 gebaut, an 1929 op 20.000 Plazen ausgebaut. 1940 gouf eng Bëtongstribün mat 10.000 Pazen opgeriicht. Duerno gouf permanent weider vergréissert, an 1973 hat de Stadion mat 43.000 Plazen, seng gréisst Capacitéit erreecht. 1985, 1992, an 1995 gouf renovéiert, an am Laf vun de verschiddenen Aarbechte goufen dräi Tribüne bäigebaut. 2006 krut de Wues eng elektresch Heizung.

Zanter 2007 lafe Gespréicher fir en neie Stadion op enger aner Plaz ze bauen. Dat ass haaptsächlech well e wéinst ze wéineg Parkplazen ongënschteg läit, bei de Matcher gëtt d'Bréck vun Ougrée dacks gespaart an als Parkplaz benotzt, awer och well déi Plaz an der Zukunft fir aner Zwecker geduecht ass.

Um Spaweck änneren

Commons: Stade Maurice Dufrasne – Biller, Videoen oder Audiodateien