Wues

anthropogen Vegetatiounskusch aus Grieser

Wues ass eng anthropogen Vegetatiounskusch aus Grieser déi iwwert d'Wuerzele mam Buedem verbonne sinn. E gëtt mat ausgewielte Somzorten an enger héijer Dicht geséit an duerno an de Wuesstemsperiode reegelméisseg geméit, gemenkerhand genat a gedüngt fir en dicht ze halen.

E frëscht geméite Wues
Automatiséiert Nätze vum Wues am Stadion vu Lëtzebuerg

De Wues läit prinzipiell am Beräich vun de mënschleche Siidlungen a gëtt net landwirtschaftlech genotzt. Et fënnt ee Wues a Gäert, Parken oder op Sportsanlagen wéi z. B. op Foussballs-, Golf- oder Tennisterrainen.

Op verschiddene Sportsterraine gëtt amplaz vum natierlechen, dacks syntheetesche Wues gebraucht.

Grasflächen déi seele geméit ginn an déi dowéinst méi héich wuessen, ginn als Wiss bezeechent.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Wues – Biller, Videoen oder Audiodateien