De Spencer David Nelson Davies, gebuer de 17. Juli 1939 zu Swansea, a gestuerwen den 19. Oktober 2020 am Budesstaat New York[1] oder zu Los Angeles[2] war en brittesche Rockmuseker (Gesang, Gittar, Keyboards, Mondharmonika).

Spencer Davis
Gebuertsnumm Spencer David Nelson Davies
Gebuer 17. Juli 1939
Swansea
Gestuerwen 19. Oktober 2020
Los Angeles
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Universitéit vu Birmingham
Aktivitéit Gittarist, Sänger, Museker

Hien huet 1963 d' Spencer Davis Group, déi besonnesch an den 1960er Joren e puer grouss Hitten hat, wéi Keep on Running oder Gimme Some Lovin' .

Hien ass mam Bill Wyman a mam Christine Perfect opgetrueden. 1970 goung en a Kalifornien wunnen, wou en e puer Soloalbumen enregistréiert huet an do an enger Blues- a Folkband gespillt huet. Als Manager vun enger Plackefirma huet hien de Robert Palmer an de Bob Marley gehollef erauszebréngen.

Um Spaweck änneren

Commons: Spencer Davis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Der bescheidenste Gitarrist der Rockgeschichte." sueddeutsche.de, 2020-10-21.
  2. "Spencer Davis, Whose Band Helped Power the Sound of the ’60s, Dies at 81." nytimes.com, 2020-10-20.