South African Astronomical Observatory
De South African Astronomical Observatory (SAAO) ass en Zentrum fir optesch an infraroutgestëtzt Astronomie a Südafrika. Et ass eng Ariichtung vun der National Research Foundation.
Den Haaptsëtz vum SAAO ass am Randberäich vum Observatoire zu Kapstad. D'Haaptteleskopen déi fir Fuerschungszwecker gebraucht ginn, sti bei der Observatiounsstatioun vun der SAAO ronn 4 Autostonne vun der Stad ewech.
Geschicht
ännerenDen SAAO gouf am Januar 1972 vum Council for Scientific and Industrial Research a Südafrika an dem Science and Engineering Research Council aus Groussbritannien zesumme gegrënnt. E kombinéiert d'Ariichtunge vum "Royal Observatory" (1820) an dem "Republic Observatory" (1903) zu Johannesburg an ass doduerch eng grouss Standplaz mat verbesserte Méiglechkeeten.
Instrumenter
änneren- Southern African Large Telescope (SALT)
- Radcliffe Telescope
- Elizabeth Telescope
- Alan Cousins Telescope
- SuperWASP
- MONET
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- (en) SAAO Websäit