Sophie Wilmès

belsch Politikerin

D'Sophie Wilmès, gebuer de 15. Januar 1975 zu Ixelles / Elsene, ass eng belsch Politikerin vum Mouvement réformateur (MR). Si ass zanter dem 1. Oktober 2020 Ausseministesch an der Regierung vum Alexander De Croo. Virdru war si, vum 27. Oktober 2019 bis den 30. September 2020, Premierministesch faisant fonction vun der Belsch, an domat déi éischt Fra an där Funktioun[1].

Sophie Wilmès
Gebuer 15. Januar 1975
Ixelles
Nationalitéit Belsch
Educatioun Facultés universitaires Saint-Louis
Aktivitéit Politiker, Ekonomist
Partei Mouvement réformateur

D'Sophie Wilmès huet um Institut des Hautes Études de Communications Sociales (IHECS) Kommunikatiounswëssenschafte studéiert an hire Studium 2002 um Institut Supérieur de Commerce Saint Louis, an Owescoursen iwwer Finanzmanagement ofgeschloss. Dono huet si e puer Joer als Assistentin bei der Europäescher Kommission am Beräich Budgetskontroll, an dann als Expert fir Droit économique et commercial an engem Affekotecabinet geschafft.

2000 ass si an de Gemengerot vun Uccle / Ukkel gewielt ginn, an 2005 an dee vu Sint-Genesius-Rode, wuer se geplënnert war. 2014 ass si fir den Didier Reynders an dat federaalt belsch Parlament nogeréckelt. Vu September 2015 bis Oktober 2019 an de Regierunge Michel I and II, ënnert hirem Virgänger, dem Charles Michel, Budgetsministesch.

D'Sophie Wilmès ass bestuet an huet véier Kanner[2].

Um Spaweck

änneren
Commons: Sophie Wilmès – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. "Sophie Wilmès nommée Première ministre par intérim, première femme à ce poste". La Libre, 27. Oktober 2019.
  2. Catherine Ernens: "Ministre modèle ou notaire du budget : qui est Sophie Wilmès ?" in L'Avenir, 28. September 2016.