Sophie Diderrich

lëtzebuergesch Lokalpolitikerin


D'Sophie Claire Diderrich, gebuer de 24. Juni 1998[1], ass eng lëtzebuergesch Reesagentin an zanter de Gemengewalen 2023 Buergermeeschtesch vun der Majorzgemeng Noumer.

Sophie Diderrich
Gebuer 24. Juni 1998
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École d'Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg
Aktivitéit Reesagent, Lokalpolitiker

Si koum no de Komplementarwalen am Februar 2022 an de Gemengerot an huet sech duerno fir d'Walen 2023 nees opgesat. Well sech nëmme 7 Kandidate fir déi 9 Plazen am Gemengerot opgesat haten, gouf den 11. Juni zu Noumer net gewielt an d'Sophie Diderrich koum dunn d'office an de Gemengerot. Déi siwe Membere vum Gemengerot hunn ënnerteneen ausgemaach, datt d'Sophie Diderrich Buergermeeschtesch sollt ginn. Si ass den 3. Juli 2023 vereedegt ginn[2].

Privatliewen änneren

D'Sophie Diderrich ass zu Nidderglabech um Bauerenhaff vun hiren Elteren opgewuess a war schonn als Kand a verschiddene Clibb an der Gemeng aktiv, ë. a. an der Musek an am Club des jeunes. Si ass zanter 2020 Presidentin vun der Sektioun Dikrech vun der Landjugend.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Quell: Warum Sophie Diderrich in Nommern eine Zeitenwende einläutet, Um Spaweck
  2. (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (03.07.2023). Gekuckt de(n) 03.07.2023.