De Sirop de Liège ass en typescht Produkt aus der Lécker Géigend an aus der Äifel.

Eng Sirop de Liège-Schmier

D'Ursaach vun der Siropproduktioun geet dorop zeréck, well sou d'Uebstziichter d'Méiglechkeet haten, fir hiren Iwwerschoss ze verwäerten, mat engem Produkt, dat sech gutt an einfach versuerge gelooss huet an dat een och nach konnt verkafen.

Dofir stinn och haut nach sou Siropfabrécken haaptsächlech an der Géigend vun Herve souwéi an der Hesbaye op der Grenz mat der belscher Provënz Limburg um Rand vun de groussen Uebstplantagen. Déi bekanntst sinn d'Siroperie Meurens vun Herve, déi schonn zanter 1902 Daggi industriell hierstellt, bekannt ënner dem Numm Sirop de Liège, an d'Siroperie artisanale vun Aubel.

De Sirop de Liège gëtt haaptsächlech vun Äppel a Biere gemaach, gewéinlech an de Proportioune 6:4. Ausname si puer Äppel oder puer Bieren aus deem Grond well wa se puer verkacht ginn, s'entweeder net séier genuch oder ze séier andécksen. E puer Fabrikanten aus Flandern setzen och nach an engem klenge Verhältnes Zockerrommele mat bäi, anerer maachen och Dattelen derbäi.

De Sirop de Liège kann op d'Schmier geschmiert ginn, awer e gëtt och an der Kiche bei ville regionale Rezepter verschafft. Haut gëtt et en an ville Varianten, vum ganz séisse bis liicht batteren, an och vermëscht mat aneren Uebstzorten wéi d'Äerdbier z. B.

Eng méi flësseg Variant gëtt gär zesumme mat dem bekannte Fromage de Herve giess.