Simone Beissel

lëtzebuergesch Affekotin a Politikerin

D'Simone Beissel gebuer de 27. Abrëll 1953 um Lampertsbierg, ass eng lëtzebuergesch Affekotin an DP-Politikerin.

Simone Beissel
Simone Beissel 09-2022.jpg
Gebuer 27. Abrëll 1953
Lampertsbierg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Institut d'études politiques de Paris
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Demokratesch Partei
Wikidata-logo-without-paddings.svg

BiographieÄnneren

D'Simone Beissel ass um Lampertsbierg an enger Juristefamill opgewuess. Hir Mamm war Affekotin an hire Papp war Generalsekretär vun der MMRA vu Rodange. No hirer Première am Lycée Robert-Schuman huet si Droit zu Aix-en-Provence a Politik zu Paräis studéiert.

1987 ass si Member vun der Demokratescher Partei ginn.

Si ass zanter 1991 am Stater Gemengerot, a war do vun 1999 bis 2005, an ass nees zanter 2017[1], och Schäffin.

Vun 1995 bis 1996 war si Presidentin vum CNFL.

Vun 1999 bis 2004 war si Deputéiert an der Chamber.

Zanter Oktober 2009 ass si erëm Schäffin vun der Stad Lëtzebuerg. Si huet dat Mandat vun der Anne Brasseur iwwerholl, an ass zoustänneg fir den Héich- an Déifbau an déi grouss architektonesch Projeten.

Bei de Wale vum 20. Oktober 2013 gouf si zousätzlech nees an d'Chamber gewielt, an och bei deene vum 14. Oktober 2018 erëmgewielt.[2]

PrivatliewenÄnneren

D'Simone Beissel ass bestuet an huet 2 Kanner.

Tëscht 1967 an 1973 war si e puermol, mat hirem Brudder René Beissel, lëtzebuergesch Landesmeeschterin am Seegelen.

Si ass Vizepresidentin vun der Fondation du Mérite Européen an zanter 1994 Presidentin vun der Association des Femmes Libérales.

GielercherÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Simone Beissel – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. "7 Buergermeeschteren hunn den Eed ofgeluecht." rtl.lu, 22.11.2017, 19:45:07.
  2. elections.lu.
  3. Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004