Simon Newcomb

De Simon Newcomb, gebuer den 12. Mäerz 1835 zu Wallace (Kanada) a gestuerwen den 11. Juli 1909 zu Washington D.C. war e Kanadeschen-amerikaneschen Astronom a Mathematiker.

Simon Newcomb
Simon Newcomb 01.jpg
Gebuer 12. Mäerz 1835
Nova Scotia
Gestuerwen 11. Juli 1909
Washington
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Kanada, USA
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Ekonomist, Romancier, Schrëftsteller, Enseignant, Universitéitsprofesser, Science-Fiction-Schrëftsteller
Member vun Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, American Academy of Arts and Sciences, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Accademia Nazionale delle Scienze, Accademia delle Scienze di Torino, National Academy of Sciences
Wikidata-logo-without-paddings.svg
Dem Newcomb säi Graf um Nationalkierfecht Arlington.

Mat 19 Joer ass den Newcomb an d'USA gaangen an huet sech do autodidaktesch Kenntnesser an héijer Mathematik an Astronomie ugeeegent. 1858 mécht hien en Ofschloss an der Lawrence Scientific School vun der Harvard Universitéit.

1861 gouf hien Astronom a Professer fir Mathematik um Observatoire vun der US-Marine zu Washington D.C.. Do huet hie sech mat Theorie vun der Planéitebeweegung an der Bestëmmung vu Planéitepositiounen als Navigatiounshëllef beschäftegt.

Bei engem Besuch am Paräisser Observatoire konnt hien 1870 Moundbunnberechnunge vum Peter Andreas Hansen verbesseren.

1877 gouf den Newcomb Direkter vum Nautical Almanach Office, 1884 ausserdeem Professer fir Mathematik an Astronomie op der Johns Hopkins University. Seng Neiberechnunge vun den Ephemeride goufen op enger Konferenz am Mee 1896 zu Paräis zum internationalen Standard erkläert.

Vun 1878 huet hie an Zesummenaarbecht a spéider a Konkurrenz mam Albert Abraham Michelson, un engem Projet fir eng méi genee Miessung vun der Liichtvitess geschafft.

1881 ass him opgefall, datt an de Logarithmentafelen déi viischt Säiten méi staark ofgenotzt waren wéi déi hënnescht. Doraus huet hien d'Thes ofgeleet, datt an enger Lëscht aus zoufälleg zesummegestallte Zuelen d'Eent méi dacks wéi all aner Ziffer op éischter Plaz steet. Spéider gouf dëse Grondsatz nom Frank Benford Gesetz vum Benfort genannt.

1874 krut den Newcomb d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society. 1908 huet hien e Plenarvirtrag um Internationale Mathematikerkongress zu Roum gehalen, La théorie du mouvement de la lune: son histoire et son état actuel.

Um SpaweckÄnneren

  Portal Astronomie