Siding Spring Survey (SSS) ass en australesche Projet fir d'systematesch Sich no Koméiten an Asteroiden - besonnesch äerdno Objeten - um Südhimmel. De Sichprogramm benotzt den 0.5-m Uppsala Schmidt Teleskop am Siding Spring Observatoire an New South Wales. De Projet ass dat südlecht Géigestéck zum Catalina Sky Survey (CSS) vum Nordhimmel, déi an de Santa Catalina Mountains, um Mount Bigelow bei Tucson (Arizona) gemaach gëtt. Den SSS gëtt zesumme vun der University of Arizona an der Australian National University bedriwwen. Finanzéiert gëtt de ganze Projet vun der NASA.

Äerdno Objeten (engl. Near-Earth Object; NEO), och Äerdbunnkräizer, sinn Asteroiden, Koméiten a grouss Meteoroiden, déi bei hirem Ëmlaf ëm d'Sonn d'Äerdbunn kräizen an dofir eng gewësse Kollisiounsgefor mat sech bréngen. Fir si ofschätzen ze kënnen, ass déi genee Bunnbestëmmung vun dësen Objeten noutwendeg.

Den SSS ass am Siding Spring Observatoire, a läit ronn 400 km nordwestlech vu Sydney.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren