D'Sibelit S.A (Société pour l'itinéraire Benelux, Lorraine, Italie S.A.) ass eng Aktiegesellschaft no lëtzebuergeschem Recht (Société anonyme de droit luxembourgeois), déi den 31. Mäerz 2006 offiziell gegrënnt gouf, awer zanter dem 13. Dezember 2004 [1] schonn operationell war.

Bei der Grënnung hat d'Gesellschaft e Kapital vun 100 000 Euro (10 000 Aktie vun 10 Euro), wat vu véier Gesellschafte geliwwert gouf:

No enger Kapitalerhéigung Enn 2006 huet d'Gesellschaft e Kapital vu 500 000 Euro (50 000 Aktie vun 10 Euro) an zanterhier gesäit d'Situatioun sou aus:

Den Haaptobjektiv vun der Sibelit ass fir den Eisebunns-Fret-Korridor vu Muizen op Basel (Nord-Süd-Achs) z'exploitéieren, d'Produktiounskäschten op dëser Streck erof ze setzen a gläichzäiteg d'Qualitéit z'erhéigen. Et geet net drëm fir aus der Sibelit eng erfollegräich Entreprise ze maachen. Mä jiddwer Partner soll seng Ressourcen zur Verfügung stelle fir datt d'Sibelit erëm en Deel vun deem Fret, deen neierdéngs iwwer déi riets Rhäinsäit gefuer gëtt, zeréck gewanne kann. Dat soll geschéien duerch d'Optiméierung vun, ënner anerem, dëse Mëttelen:

  • Vermeide vu Lokomotiv- a Personalwiesselen. Doduerch kann Zäit gespuert ginn.
  • Harmonisatioun vun de Fret-Fuerpläng a vun der Gestioun vun de "Sillonen" (E "Sillon" ass eng bestëmmten Zäitzon, meeschtens nuets, déi fir de Fret-Verkéier reservéiert ass).
  • Arichte vun engem zentrale System deen et erméiglecht d'Lokalisatioun vun de Gidderzich z'iwwerwaachen (tracking & tracing), iwwer déi national Grenzen eraus.

D'Sibelit selwer verfüügt weeder iwwer eng Konzessioun fir Giddertransporter nach iwwer eegent Material.

D'Sibelit huet hire Sëtz zu Lëtzebuerg a beschäftegt ronn 30 Leit.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Federmeyer, Ed., Eisenbahnen in Luxemburg Band 1, Wolfgang Herdam Fotoverlag, 2007