Shannen Doherty

US-amerikanesch Schauspillerin (1971–2024)

D'Shannen Maria Doherty, gebuer den 12. Abrëll 1971 zu Memphis am Tennessee, a gestuerwen den 13. Juli 2024 zu Malibu a Kalifornien, war eng US-amerikanesch Schauspillerin an Déiererechtsaktivistin déi absënns duerch d'Televisiounsserië Beverly Hills, 90210 an Charmed bekannt gouf.

Shannen Doherty
Gebuertsnumm Shannen Maria Doherty
Pseudonym Shando
Gebuer 12. Abrëll 1971
Memphis
Gestuerwen 13. Juli 2024
Malibu
Doudesursaach Broschtkriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Young Actors Space
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Autobiograph, Theaterschauspiller, Regisseur, Televisiounsproduzent
Partei Republican Party
Famill
Bestuet mat Ashley Hamilton, Rick Salomon, Kurt Iswarienko

Karriär

änneren

D'Shannen Doherty war d'Duechter vum Tom an der Rosa Doherty. Hir éischt Televisiounsroll war 1981 e Gaaschtoptrëtt an der Serie Father Murphy. De Michael Landon, deen Auteur a Regisseur vun der Serie war, war esou vun der Shannen Doherty hirer Leeschtung beandrockt, datt hie si fir seng Televisiounsserie Little House on the Prairie engagéiert huet. Si huet du vun 1982 bis 1983 an der Serie d'Roll vun der Jenny Wilder gespillt a gouf sou dem grousse Publikum bekannt. Se hat duerno nach eng Rëtsch vu Gaaschtoptrëtter a verschiddenen Televisiounsserien a Rollen an Televisiounsfilmer, ier se 1988 eng Roll am Spillfilm Heathers krut.

Vun 1990 bis 1994 huet si d'Roll vun der Brenda Walsh an der erfollegräicher Televisiounsserie Beverly Hills, 90210 gespillt. Déi Roll war den Duerchbroch an hirer Karriär, si hat awer Problemer mat der stënterlecher Renommée déi si doduerch krut. D'Boulevardpress huet iwwer hir Affären a Alkoholexzesser geschriwwen. Op den Tournagë koum et zu Spannungen an zu enger Rëtsch Streidereien ënnert den Acteuren, sou datt si schlussendlech vum Produzent Aaron Spelling entlooss gouf.

Vun 1998 bis 2001 huet s'an der Tëleesserie Charmed d'Roll vun der Prudence Halliwell gespillt. Wéinst engem Sträit mat der Produktiounsfirma war si no der drëtter Saison net méi an der Serie mat dran.

Nieft verschiddene Moderatiounen oder Co-Moderatioune vun Tëleesshowen hat si nieft der Gina Gershon an dem Randy Quaid eng Haaptroll am Televisiounsfilm Category 7: The End of the World (2005) an huet och 2007 am Film Christmas Caper matgespillt.

An de Joren 2008 an 2009 huet s'a siwen Episoden an engem Spin-off vu Beverly Hills, 90210 nees eng Kéier d'Roll vun der Brenda Walsh gespillt.

Am Fréijoer 2010 huet si an der zéngter Saison vun der amerikanescher Televisiounsshow Dancing with the Stars matgemaach. Am Oktober vum selwechte Joer war s'am Tëleesfilm Growing the Big One ze gesinn an am Joer 2012 als Gretel am Horrorfilm Witchslayer Gretl um Tëlesssender Syfy.

Am Mäerz 1994 an am Dezember 2003 huet d'Shannen Doherty fir d'US-amerikanesch Editioun vum Playboy poséiert.

Déiereschutz

änneren

D'Shannen Doherty war Vegetarierin an huet sech dofir agesat, datt Honds- a Kazefleesch net vu Mënschen dierft konsuméiert ginn an datt richtegen Déierepelz grad ewéi Krokodilshaut net an der Moudenindustrie dierft gebraucht ginn.

Si war och eng aktiv Ënnerstëtzerin vu Sea Shepherd, enger Organisatioun déi sech fir de Schutz vun de Mierer asetzt.

Filmographie

änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel Shannen Doherty Filmographie (en)

Um Spaweck

änneren
Commons: Shannen Doherty – Biller, Videoen oder Audiodateien