Sidereus Nuncius ass eng Schrëft déi vum Galileo Galilei verfaasst gouf a vun där 550 Exemplaren am Joer 1610 a laténgescher Sprooch zu Venedeg vum Thomas Baglioni gedréckt goufen. Et war déi éischt wëssenschaftlech Aarbecht, op Basis vun astronomeschen Observatioune mat engem Teleskop.

Sidereus Nuncius, Titelsäit vun der éischter Editioun, 1610.

Titel änneren

D'Wuert Nuncius (klassesch nuntius) am Titel ka mat Noriicht iwwersat ginn. Den Titel léisst sech dofir als Noriicht vun de Stären iwwersetzen.

Inhalt änneren

De Mathematiker, Astronom a Physiker Galileo Galilei hat déi kuerz Schrëft am Mäerz 1610 publizéiert. Si faasst d'Resultater vu senge fréieren Teleskopobservatioune vum Äerdmound, vun de Stären a vun de Jupitermounden.

Lënserefrakter änneren

Fir seng Observatiounen huet de Galilei e Lënserefrakter mat zwanzegfacher Vergréisserung benotzt. Sou Refraktere ginn haut och Galilei-Refrakter genannt. Am Sidereus Nuncius beschreift de Galilei, wéi e gudde Refrakter ze baue wier.

Äerdmound änneren

De Galilei hat observéiert, datt d'Linn, déi den hellen Deel vum Mound vum däischteren Deel trennt (d'Dag-Nuecht-Grenz) an däischtere Regioune vum Mound riicht verleef, awer an den helle Beräicher onreegelméisseg ass. Doraus huet hien ofgeleet, datt déi däischter Regioune flaach Deeler sinn déi niddreg leien, an déi hell hollpreg a vu Bierger bedeckt sinn. Dem Galilei seng Stéch vun der Mounduewerfläch waren den Ufank vun der Moundkartéierung.

Obschonn d'Zeechnungen sou genee sinn, datt sech doraus souguer den exakte Observatiounsdatum zeréckrechne léisst, hat de Galilei d'Bild vun engem net-existente grousse Moundkrater op d'Dag-Nuecht-Grenz gesat[1].

Stären änneren

 
De Stärekoup vun de Plejaden, eng Zeechnung vum Galilei aus dem Sidereus Nuncius.

De Galilei hat och notéiert, datt hien op d'mannst zéngmol méi Stäre mam Refrakter konnt gesinn, wéi mat bloussem A. Seng Stärekaarte vun der Orion-Ceinture an de Plejaden weisen e puer vun den neien observéierte Stären. Mam bloussen A konnten Observateuren nëmme sechs Stären am Stärebild vum Stéier gesinn. Mam Refrakter konnt de Galilei awer 35 Stäre gesinn. Hien hat och notéiert, datt verschidden am Stärekatalog vum Ptolemäus als "niwwleg" bezeechent Stäre sech aus ville klenge Stären zesummesetzen. Hien huet och gemengt, datt d'Mëllechstrooss aus ville Stäre géif bestoen, déi ze kleng sinn an ze wäit ewech leien, fir si mam bloussen A z'erkennen.

Jupitermounden oder Medici-Stären änneren

Am leschten Deel vum Sidereus Nuncius schreift de Galilei vu senge véier entdeckten Objeten, déi no beim Jupiter op enger riichter Linn stoungen. An der éischter Nuecht gesäit hien dräi kleng Stären op enger Linn parallel zu der Ekliptik; déi nächst Nuechte weise sech wiesselnd Opstellungen an e véierten Objet. Well si hir Positioun zum Jupiter vun Nuecht zu Nuecht änneren, awer ëmmer op der selwechter Linn stinn, schléisst de Galilei, datt et sech ëm véier Kierper op Ëmlafbunnen ëm de Jupiter handelt. Zu Éiere vun de véier Jonge vun der Famill Medici nennt hien déi Kierper Medici-Stären.

Editiounen änneren

Literatur änneren

  • Cornelia Liesenfeld: Die Astronomie Galileis und ihre Aktualität heute und morgen, Augsburger Schriften zu Theologie und Philosophie, LitVerlag Münster 2003

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Sidereus Nuncius – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Vgl. den Artikel vum Horst Bredekamp, Angela Fischel, Birgit Schneider, Gabriele Werner: Bilder in Prozessen an Kunsthistorisches Jahrbuch für Bildkritik. Band 1,1, Mäerz 2003 Bildwelten des Wissens (PDF; 1,6 MB).