E Schockelaskichelchen, och nach Schockelasrull genannt, ass ee Kaffiskichelchen aus dem selwechte Bliederdeeg wéi dee fir Croissanten, deen eng rechteckeg Form huet, an an deen eent oder zwee Stécker Schockela de laange Wee agerullt sinn.

E Schockelaskichelchen

Op Franséisch heescht e pain au chocolat oder regional, a Südwestfrankräich an am Québec, och chocolatine an an der Belsch couque au chocolat.

Dëse Kichelchen ass d'Thema vun engem Lidd vum Joe Dassin, Le petit pain au chocolat, aus dem Joer 1968.

Um Spaweck änneren

Commons: Schockelaskichelchen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Schockelaskichelchen Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen