D'Schnuddelhénger (Meleagris) sinn eng Gattung bannent de Phasianidae, an där et zwou Aarte gëtt. Allen zwou sinn an der fräier Natur an Nord- a Mëttelamerika heemesch. Déi bekanntsten ass d'Schnuddelhong (Meleagris gallopavo), iwwerdeems d'Aart Meleagris ocellata vill méi seelen ass.

Schnuddelhénger
E Schnuddelhongs-Männchen (Meleagris gallopavo)

E Schnuddelhongs-Männchen (Meleagris gallopavo)
E Schnuddelhongs-Männchen (Meleagris gallopavo)
Systematik
Räich: Déiereräich (Animalia)
Stamm: Chordata
Klass: Vullen (Aves)
Uerdnung: Héngervullen (Galliformes)
Famill: Phasianidae
Gattung: Meleagris
Wëssenschaftlechen Numm
Meleagris
L., 1758

Charakteristiken

änneren

Männlech Schnuddelhénger kënnen am Stand 1 m héich ginn a bis zu 10 kg schwéier. D'Pëlle sinn eppes méi kleng an e gutt Stéck méi liicht (90 cm, bis 5 kg), ma ëmmer nach vill méi grouss wéi déi aner Héngervullen (Galliformes) aus Nordamerika. Déi zwou Aarten hunn haaptsächlech aner Faarwen an de Plommen, vum Skelettbau si se awer bal identesch.

Verbreedung an Habitat

änneren
 
Verbreedung vum M. gallopavo.

D'Schnuddelhénger sinn an der fräier Natur doheem um Südrand vu Kanada iwwer d'USA a Mexiko bis a Belize a Guatemala. Domestizéiert Schnuddelhénger (Hausschnuddelhong) sinn haut op der ganzer Welt ze fannen.

Den ideale Liewensraum si Bëscher mat gréissere Lichtungen oder d'Zone laanscht de Bord vu Bëscher, mat vill Gestraich, wou se sech dra verstoppe kënnen. Si schlofen op Beem a sichen hiert Friessen a méi grasege Landschaften.

 
Kapp vun engem Hausschnuddelhunn

D'Schnuddelhénger hunn hiren Numm wéinst den Hautläppercher, déi vum Schniewel a laanscht den Hals erofhänken an déi un Nueseschläim (mucus) erënneren.

Literatur

änneren
  • Josep del Hoyo et al.: Handbook of the Birds of the World. Band 2: New World Vultures to Guinea Fowl. Lynx Edicions, 1994, ISBN 84-87334-15-6.

Um Spaweck

änneren
Commons: Meleagris – Biller, Videoen oder Audiodateien