Schluecht vu Cambrai (1917)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Schluecht vu Cambrai 1917 am Éischte Weltkrich. Fir d'Schluecht vun 1918 kuckt wgl. Schluecht vu Cambrai (1918).
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Schluecht vu Cambrai am Éischte Weltkrich war déi éischt grouss Panzeroffensive an der Geschicht. Si huet den 20. November 1917, an der Noperschaft vum strateegesch wichtegen Eisebunnsknuet Cambrai a Frankräich ugefaangen.

Schluecht vu Cambrai
Schluecht vu Cambrai op der Kaart
Datum 20. November 1917
Plaz Cambrai a Frankräich
Resultat Ouni Resultat
Kontrahenten
Däitschland Groussbritannien
Kommandanten
GER (1918)GER (1918) Georg von der Marwitz GBRGBR Julian Byng
Truppen op der Plaz
3 Arméikorpsen
8 Infanterie-Div.
476 Tanksen
14 Geschwader
Royal Flying Corps
7 Infanterie-Div.
3 Kavallerie-Div.
Konflikt
Éischte Weltkrich


Groussbritannien an Irland hu vun där Schluecht net nëmmen en Duerchbroch duerch déi däitsch Stellungen erwaart, mä hunn och vun där Offensive erhofft, duerch den Asaz vu Tankse kéint de Krich eng positiv Wendung zu Gonschte vun der dräifacher Entente (Triple entente) kréien. Méi wéi dräi Joer laang waren nämlech d'Fronte blockéiert a Millioune vun Zaldoten ware bei Frontalattacken, dacks ouni Sënn ausgeléist, ëmkomm. Aus dem Stellungskrich sollt et e Beweegungskrich ginn. Aus där Iwwerleeung eraus gouf d'Schluecht vu Cambrai geplangt, gewëssermossen als Optakt, fir mat Hëllef vum neien Alliéierten, den USA, a mat neien Techniken dat däitscht Keeserräich ze bezwéngen.

An der Schluecht sinn am Ganze 95.000 Zaldoten ëmkomm, verwonnt ginn, oder koumen a Gefaangenschaft. D'Schluecht ass de 7. Dezember 1917 op en Enn gaangen, ouni datt se fir eng Partei e gréisseren Erfolleg hat, oder datt se déi allgemeng Lag am Fong verännert hätt.

Um Spaweck änneren

Commons: Battle of Cambrai (1917) – Biller, Videoen oder Audiodateien