D'Schluecht vu Brienne-le-Château an der Aube, huet sech den 29. Januar 1814 wärend der Frankräichcampagne tëscht dem Napoleon sengen Truppen an deene vum preisesche Generol Blücher ofgespillt huet.

Kontext änneren

No enger Offensiv de 27. Januar géint Saint-Dizier, hat den Napoleon dem Blücher seng Truppe gespléckt. Trotz de béimeschen Truppe vum Schwarzenberg, déi net wäit ewech stoungen, huet hien de Blücher verfollegt, fir dee beim Iwwersetzen iwwer d'Aube ze pëtzen, datt dee sech sengen Alliéierten net konnt uschléissen. Mä de Lieutenant-Colonel Bernard, dee vum Berthier chargéiert gi war dem Mortier Uerdere vum Napoléon z'iwwerbréngen, gouf vun de Kosake gefaange geholl, an de Blücher gouf doduerch vum Napoléon senge Pläng informéiert. Hien huet sech doropshin op Brienne zeréckgezunn, a sech do verschanzt.

D'Schluecht änneren

Den 29. Januar hunn d'Fransousen an dräi Kolonnen attackéiert, vun deene just eng, déi op d'Schlass lass marschéiert war, an der Stad Fouss konnt faassen, mä eng vigouréis Offensiv vun de russeschen Truppe vum Sacken an Olsuviev hu se nees zeréckgedréckt. No engem Kampf deen déi ganz Nuecht gedauert huet, waren d'Fransouse schliisslech Meeschter am Schlass.

Well de Blücher et virgezunn huet en Zesummeschloss mat de béimeschen Truppen ze maachen, huet dee sech an der Nuecht an Direktioun Trannes zeréckgezunn.