D'Aube ass e franséische Floss. Se ass ee vun de 4 gréissten Nieweflëss vun der Seine, déi ongeféier an déi selwecht Direktioun leeft.

Aube
Längt 248,3 km
Debit 41 m³/s
Fläch vum Baseng 4.595 km²
Leeft an Seine

D'Aube entspréngt am Departement Haute-Marne, bei Praslay, op enger Héicht vun 380 m. Se leeft a Richtung Nordweste bis op Montigny/Aube, dann no Norden op Bar-sur-Aube, déi gréisst Stad op hirem Laf. Da leeft se nees nordwestlech, dann nord-nordëstlech, fir hanner Marcilly-sur-Seine an d'Seine ze lafen.

No hir ass d'Departement Aube genannt.

Nieweflëss änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Aube River – Biller, Videoen oder Audiodateien