Schlass vu Biourge

Schlass zu Biourge an der belscher Gemeng Bertrix

D'Schlass vu Biourge och nach Gerlache-Schlass genannt, gouf an der klenger Uertschaft Biourge an der Provënz Lëtzebuerg eng ronn 6 Kilometer ëstlech vu Bertrix, an der Mëtt vum 18. Joerhonnert op där Plaz opgeriicht, wou fréier den Tuerm, Tour de Biourge stoung. Vum Tuerm ass haut näischt méi ze gesinn, just eng Strooss mat dem Numm rue derrière de la Tour erënnert nach drun.

Schlass vu Biourge
Typ Schlass
Land Belsch
Gemeng Bertrix
Plaz Biourge
Koordinaten 49°50'24"N, 5°19'48"O
Statut klasséiert Monumenter a Wallounien

D'Schlass sou wéi et haut ausgesäit, gouf 1919 vum Pierre de Gerlache ëmgebaut. Den Architekt war de Paul Fraikin.

Den Domaine war ëm 1746 vun der Famill de Gerlache kaaft ginn. Do koum op Stiefesdag 1785 den E.C. de Gerlache op Welt, dee méi spéit President vum belsche Nationalkongress gouf.

D'Schlass läit laanscht d'rue de Rossart, hanner enger héijer Mauer verstoppt. Beim Ëmbau 1919 goufen dräi Ecktierm bäigebaut. De ronnen Dauwentuerm mat engem Helmdaach ass den eenzegen alen Tuerm am Schlass.

Am Schlass selwer ass eng Kapell ze gesinn, eng barock Trap, an e puer original Dieren, och aus dem Barock.

Hanner dem Schlass ass e Park, mat enger grousser Wiss, déi 1914 entstanen ass, wéi en Hobichebësch deen do stoung, ofgeholzt gouf.

D'Schlass kann net besicht ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Schlass vu Biourge – Biller, Videoen oder Audiodateien