Schabloun:WDS 8. Dezember B

  • ... ee Paneau vum Genter Altor, deen 1934 gestuel gouf a bis haut net nees opgedaucht ass, an engem Roman vum Albert Camus eng net onwichteg Roll spillt?
  • ... Lanzarote déi éischt Insel war, déi 1993 vun der UNESCO ganz als Biosphärereservat erkläert gouf?
  • ... den Héichpunkt vun de Louhecken zu Lëtzebuerg an der Mëtt vum 19. Joerhonnert louch, wéi wéinst der grousser Nofro no Eecheschuelen fir d'Gierwereien vill Bichebëscher mat Louhecken ersat goufen?