Schabloun:WDS 8. Abrëll B

  • ... déi iwwer 21 km laang Donauinsel zu Wien tëscht der Donau an der Neier Donau an den 1970er/1980er Joren ugeluecht gouf, fir Héichwaasser ze reguléieren?
  • ... den Numm vun der Uertschaft Blummendall näischt mat Blummen ze dinn huet, ma éischter op eng keltesch Gottheet zeréckgeet?
  • ... de Skorpioun I. en alegyptesche Kinnek aus der Virdynastescher Zäit, ëm 3200 v. Chr., war?
  • ... d'Avenue Kennedy um Kierchbierg ursprénglech als Autobunn gebaut gi war, dann awer tëscht dem Enn vun den 1990er Joren an dem Ufank vun den 2010er Jore als Stadboulevard zeréckgebaut gouf?